D’Optrëtter vun tierkesche Politiker suergen an Europa fir gehéiereg Duercherneen. Op der enger Säit fuere Regierungen eng kloer an haart Linn. Op der anerer Säit, wéi bei eise franséischen Noperen, gi Meetinge mat Riedner vum Erdogan senger Clique zougelooss. Eng eenheetlech Positioun huet Europa deemno net. Schonn erëm eng Kéier. Leider. Dobäi wier et wierklech un der Zäit, datt d'Europäesch Unioun de Courage géif an déi zwou Hänn huelen, an e gemeinsamt Optrëttsverbuet fir Politikerinnen a Politiker géif beschléissen, déi vun Ankara geschéckt gi fir déi nei tierkesch Verfassung ze verdeedegen.
Mam demokratesche Wee Demokratie ofschafen
An dësem Kontext ass et interessant emol genee ze kucken, ëm wat et bei dem Verfassungsreferendum an der Tierkei iwwerhaapt geet. Do geet et de 16. Abrëll net ëm Klengegkeeten. De President ass op sengem speziellen demokratesche Wee am gaangen d'Demokratie ofzeschafen. Wat virgeschloen gëtt, ass e Presidialregime mat Vollmachte fir de President an ageschränkte Rechter fir d'Parlament. Seet dat tierkescht Vollek jo, ass domat de Wee fräi fir e System an deem eenzeg an eleng nach de Erdogan d'Soen huet. Mat allem, wat dat bedeit. Och um militäresche Plang. A virun allem eben am Kontext vun de Mënscherechter.
EU fir d'Fundamenter vun eiser Integratioun
Sollen déi europäesch Staaten do nokucken an um eegenen Terrain Reklamm fir des Entwécklung zouloossen? Ech mengen net. Hei wier eng gutt Geleeënheet als Europäesch Unioun konkret a konsequent fir déi Wäerter anzetrieden, vun deene mir esou dacks soen, si wieren d'Fundament vun eiser Integratioun.
Firwat fehlt de politesche Courage fir gemeinsam Schrëtt? Firwat deet Europa sech esou schwéier an dëser Fro?
Méi verdeedegungspolitescht Engagement
Jo, d'Tierkei ass e wichtegen Nato-Partner. Jo, mir mussen an der Flüchtlingsfro mat der Tierkei zesummeschaffen. Bei all deem muss et awer eng rout Linnen ginn, déi net passéiert däerf ginn. Des rout Linn mussen d'Europäer gemeinsam zéien an hir Prinzipie verdeedegen.
Apropos verdeedegen: Och hei muss Europa wuel oder iwwel zu engem neien engagéierte Matenee fannen. Net nëmmen, well den atlantesche Partner, d'USA, sech manner wëllen engagéieren. Dat ka sécher elo den Ausléiser fir méi verdeedegungspolitesch Eegestännegkeet vun Europa sinn. Eigentlech hätten d'Europäer schonn zanter laangem méi Efforte misse maachen. Dozou huet awer ze dacks de politesche Courage gefehlt. Dëse Courage brauch d'EU fir glafwierdeg bei senge Bierger ze bleiwen.