Radioen

On air

Notturno  |  The Black Progression - Morphine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa wëllt e Krich verhënneren, mee ...

Ukrain-Kris

Europa wëllt e Krich verhënneren, mee ...

Eng nei Ronn Gespréicher soll e weidere Krich tëschent Russland an der Ukrain verhënneren. Kiew hofft op Deseskalatioun mat der Hëllef vun der Tierkei a Frankräich. D'USA sollen och nees mat Russland schwätzen. Si hunn Truppe versprach, mee net fir Kiew, just fir osteuropäesch Länner op der Grenz mat der Ukrain. Europa wëllt e Krich verhënneren, mee d'Hëllef fir d'Ukrain hält sech a Grenzen, wärend Kiew sech weiderhi freet, wat Russland virhuet.

auto_stories

3 min

Bal al Dag kënnt en europäesche Stats- oder Regierungschef op Kiew. Gëschter war et den tierkesche President Erdogan, den Dag virdrun den hollännesche Premier Rutte. Déi Nächst Woch kommen d'Ausseministeren aus Däitschland a Frankräich. All wëlle si der Ukrain hir Ënnerstëtzung weisen.

D'Ukrain steet trotzdeem eleng do

Holland, zum Beispill, wëllt Kiew hëllefe sech géint Cyberattacke vu Russland ze beschützen. Et gëtt ugeholl, datt en Ugrëff vu Russland net nëmmen um Buedem géif gestart ginn, zum Beispill am Donbass, am Südoste vum Land, oder op der Grenz tëscht Wäissrussland an der Ukrain.

Den ukrainesche President Volodymyr Zelensky seet zwar Merci fir déi vill Ënnerstëtzung, mee hie wëllt méi wéi Waffen a méi Training, oder am Fall vun Däitschland, just Helmer.

D'Ukrain ass keen NATO-Memberland a bis elo huet keen europäescht Land, a keen NATO-Land, dorënner d'USA, sech bereet gewise fir Truppen am Fall vun engem Ugrëff an d'Ukrain ze schécken. Trotz dem Volodymyr Zelensky senger Affirmatioun, datt et en europäesche Krich wäert ginn, steet Kiew zimmlech eleng do.

D'Bevëlkerung ass veronséchert

Datt weisen och d'Gespréicher, déi een zu Kiew mat den Ukrainer huet. D'Nadia verkeeft Kaviar um Maart am Zentrum vun der ukrainescher Haaptstad. Si wëllt hire ganzen Numm léiwer net verroden an zielt, et hätt een net geduecht, datt eppes géif geschéien, mee de Wladimir Putin géif gär provozéieren, dat hätt hie schonn am Oste vun der Ukrain gemaach. D'Ukrain hätt ni een aneren ugegraff, mee et wier ee prett fir sech ze verdeedegen.

D'Ukrain ass e Land dat schonn zwou Revolutiounen hannert sech huet, an eng ganz komplex rezent Vergaangenheet. Aacht Joer laang gëtt et scho Krich, 14.000 Leit si gestuerwen. D'Nadia zielt, datt scho vill Jonker aus der Ukrain ëm d'Liewe komm sinn. SI fäert, datt d'Relatioune mat Russland a Belarus sech elo verschlechteren.

Mam Nadia um Stand schafft d'Lidia, och si mécht sech Suergen an huet Angscht. Trotzdeem seet si, datt d'Ukrainer d'Land beschütze wäerten.

Ziviliste gi fir e Krich trainéiert

Et brauch een e gudden Dag fir vu Kiew bis op d'Front. Do kann den aacht Joer laange Krich mat pro-russesche Separatisten, mat der Ënnerstëtzung vu Russland, ganz wäit fort schéngen. D'Grenz mat Belarus, déi ass just ongeféier 170 Kilometer wäit fort, an do hu massiv Militärübungen tëscht de russeschen a belarusseschen Arméie schonn ugefaangen.

Et gëtt gefaart, datt vun do aus eng Invasioun kéint gestart ginn. Zu Kiew gëtt et schonn Zivilisten, déi vun Ex-Offizéier fir e Krich trainéiert ginn, mee d'Angscht virun der Muecht vun der russescher Arméi ass grouss.

Am Moment fält et nach liicht ze soen et wéilt ee kämpfen. Um Maart schafft och den Islam, en Awanderer aus dem Usbekistan. Hie wier och prett d'Land ze verdeedegen, zielt hien, d'Ukrain wier säin zweet doheem. Hie geet net dovunner aus, datt Russland d'Ukrain géif ugräifen, mee hie mengt och net, datt aner Länner wéi Polen oder d'USA géifen hëllefen.

Et waart een nervös an et freet ee sech wéini, wat, a wou geschéie wäert. Eng Invasioun? Villäicht guer näischt? D'Äntwert op déi Froen huet just de Wladmir Putin.