Europachronik: Luxleaks - Europaparlament bremst sech selwer aus

Si bestëmmte Steier-Accorden tëscht nationalen Autoritéiten an groussen Entreprisen legal oder verstéisst des Praxis géint europäesch Gesetzer? Dës Fro wäert am Europaparlament net an enger Enquêtekommissioun, mee héchstwahrscheinlech an enger Spezial-Kommissioun tranchéiert ginn. D’Parlament stëmmt des Woch driwwer of. Déi grouss politesch Fraktioune wollten net op de Wee vun enger Enquête-Kommissioun goen, d’Art a Weis wéi si sech dobäi beholl hu suergt dofir, datt d’Parlament u Kredibilitéit verléiert. D’Europakronik vum Danièle Weber:

 

Ob elo eng Enquête-Kommissioun besonnesch wäit komm wier, mat hirer investigativer Aarbecht, ass guer net sécher. Och net, ob bei dëser Enquête, iergend een, iergend eppes ze fäerten hätt. Et huet ee sech awer vun Ufank u missen driwwer wonneren, mat wéi enger Vehemenz d’Cheffe vun de groussen europäesche Parteie sech dergéint gewiert hunn, datt esou ee Gremium sollt op d’Been gestallt ginn.

De Chef vun de Sozialisten hat extra eng Mail un all d’Europadeputéiert vu senger Fraktioun geschriwwen, et sollt een d’Demande net ënnerschreiwen. An der Fraktioun vun de Chrëschtkonservative gouf et eng grouss Opreegung, nodeems e puer Parlamentarier dat awer gemaach haten. Datt de Kommissiounspresident mat enger Demissioun soll gedreet hunn, am Fall wou et eng Enquête-Kommissioun gëtt, ass vläicht dat eenzegt, wat een – well een de Jean-Claude Juncker e bësse kennt – manner erstaunt.

D’Argumenter, déi soss avancéiert goufen an nach ginn, sinn net plausibel. Eng Spezialkommissioun sot zum Beispill, de President vum Parlament, de Sozialist Martin Schulz, wier genee esou effektiv wéi eng Enquêtekommissioun. Dem Chef vun de Liberalen, Guy Verhostadt, no hätt se esou guer besser Moyenen. Ee Bléck an d’Reglement vum Parlament weist, datt dat nët stëmmt – et kënnt ee sech also zimlech fir domm verkaf fir, wann een esou Explikatioune presentéiert kritt.

Et goufen och nach aner Argumenter an d’Ronn gehäit, déi engem Faktencheck net duerhalen. Et kéint een net engem Mënsch oder engem Land de Prozess maachen, war eent dovun. Wien d’Demande vun deene Grénge fir d’Enquêtekommissioun gelies huet, weess, datt et em d’Steierpraxis an all den EU Länner goung an net nëmmen em déi am Grand Duché.

De Martin Schulz sot och, dës Demande wier juristesch net zolitt genuch gewiescht – et ka gutt sinn, datt hei e bësse gelappt gouf – et kann ee sech awer schwéier virstellen, datt et net méiglech war, esou juristesch Barrièren ze iwwerwannen. Wann ee gewollt hätt.

Op d’Fro, firwat ee per force keng Enquêtekommissioun wollt, gëtt et no deem Gedeessems am Fong just eng plausibel Äntwert: Déi grouss Koalitioun aus Chrëschtkonservativen, Sozialisten a Liberale wollt virun allem dem Kommissiounspresident esou eng Kommissioun erspueren. Well eng Enquêtekommissioun, egal wat dobäi erauskomm wier, hätt fir vill méi Opmierksamkeet gesuergt, wéi eng Spezialkommissioun, déi definitiv manner Moyenen huet, fir Recherchen ze maachen.

Datt d’Majoritéit vun de lëtzebuerger Europadeputéierten eng éischter patriotesch Approche huet, ass manner verwonnerlech – genee ewéi de Faite, datt och do an der Argumentatioun sou Mueneches verdréint gëtt. Et wëll een de Leit doheem jo keng Angscht maachen, do géif op bemol vu Bréissel eppes Schlëmmes kommen.

Just – dat alles passt esou guer net bei dat, wat virdun am Parlament zu deem Sujet gesot gouf. Well ausgerechent d’Parlament hat beim Thema Steier-Evasioun ëmmer deck op Tromm geschloen an eng aner europäesch Approche gefuerdert. Virop de Martin Schulz, deen elo anscheinend fäert, dem Parlament seng Stemm kéint op eemol ze vill Gewiicht kréien.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen