Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Field Music - Count It Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Äntwert op Fake News

Russesch Propaganda

Europäesch Äntwert op Fake News

D'EU brauch méi Moyene fir géint Desinformatiouns-Campagne, virun allem aus Russland, virzegoen. Bis elo hu sech virun allem Memberlänner aus dem Osten dofir agesat. Westlech EU-Politiker si manner alarméiert. Dowéinst léisst bis elo eng koordinéiert europäesch Äntwert op russesch Propaganda op sech waarden.

auto_stories

5 min

Tëschent enger an zwou Milliarden Euro soll Russland investéieren, fir Propaganda duerch Desinformatioun ze maachen. Dobäi ginn Noriichten op Mesure fir verschidden Zilgruppe produzéiert, seet de Jakub Janda vum European Values Think-Tank zu Prag. Als Beispill nennt den tschecheschen Expert den däitsche Wahlkampf. D'Communautéit vun de Russland-Däitschen wier geziilt mat Desinformatioune op Russsesch an op Däitsch ugeschwat ginn, fir si z'iwwerzeegen, fir déi riets Partei "Alternative für Deutschland" ze stëmmen.

Russesch Propaganda am däitsche Wahlkampf

Mat Succès, wéi de Jakub Anda seet. Eng Majoritéit vun de Russland-Däitschen huet dono effektiv fir d'AFD gewielt.

"De Grond, firwat déi russesch Federatioun sech hei engagéiert, ass ganz einfach. D'AFD ass eng pro-russesch, eng pro-Putin-Partei, déi déi russesch Aussepolitik am Beräich Syrien oder Ukrain ënnerstëtzt. Déi russesch Regierung huet also hei ee Wee fonnt, seng politesch Frënn an Däitschland direkt z'ënnerstëtzen. Dat ass awer illegal", seet de Jakub Janda.

Sou oder aner Beispiller kann een an der Disinformation Review vun der spezieller Task force, déi d'EU zënter zwee Joer op d'Bee gesat huet, noliesen.

Dës Taskforce muss méi Moyene kréien, soen eng 110 Experten a Politiker, an der sougenannter Prager Deklaratioun, déi de Jakub Janda koordinéiert huet.

Et ass en Appel un d'EU, der russescher Attack op déi westlech Demokratie eppes entgéint ze setzen. "Den Ament ginn et nëmmen dräi Spezialisten, déi sech ëm déi russesch Desinformatioun bekëmmeren. Dat geet natierlech net duer. Dofir soe mir, datt d'Kapassitéite vun där Task force op d'mannst misse verdräifacht ginn."

Federica Mogherini an der Kritik

An der Prager Deklaratioun gräifen d'Experten déi europäesch Chefdiplomatin Federica Mogherini un. Si géif de Problem erofspillen a sech scheien, Russland als dat Land ze nennen, dat besonnesch aktiv ass, wann et ëm geziilten Desinformatioune geet. Si hätt sech perséinlech dofir agesat, datt déi europäesch Task force net méi Moyene kritt, sou de Reproche un d'Italienerin. Bei hirer Nominatioun gouf hir nogesot, si kéint den Nodeel hunn, datt si ze pro-russesch ass.

Wéi d'Personal virun engem Joer opgestockt gouf, krut d'Divisioun, déi sech ëm déi russesch Propaganda bekëmmert, nëmmen zwee Leit bäi.

Op Ufro vun aacht, an der Haaptsaach osteuropäesche Länner, hunn d'EU-Ausseministeren an hirer Reunioun e Méindeg doriwwer diskutéiert. Ouni eng konkret Decisioun ze huelen. Et wier ee sech eens, datt méi Moyene missten zur Verfügung gestallt ginn, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Allerdéngs léich de Fokus net onbedéngt op Russland.

An der Fro, ob een elo eng europäesch Äntwert op geziilten Desinformatiouns-Campagnë soll ginn, ass sech d'EU awer net richteg eens. Virun allem déi westlech Länner sinn net iwwerzeegt dovun, datt et néideg ass aktiv ze ginn.

Weste manner alarméiert wéi Osten

D'Approche vun de westleche Länner wier am gaange sech ze änneren, sou den tschecheschen Expert Jakub Janda. Spuenien géif sech zum Beispill elo och dofir asetzen, datt d'EU méi determinéiert misst reagéieren, well Russland sech an de Konflikt a Katalounien agemëscht huet. De spuenesche Minister soll dee Sujet effektiv an der Reunioun opbruecht hunn. Drop ugeschwat, wollt d'EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini vun der EU kee Commentaire ofginn.

Fir wéi geféierlech hält de Lëtzebuerger Ausseminister speziell d'Aktivitéite vu Russland, wann et ëm Propaganda geet, déi an der EU bedriwwe gëtt? Och de Jean Asselborn scheit sech hei, Russland besonnesch ervirzehiewen. Wa geziilt falsch Informatiounen iwwert d'EU verbreet ginn, kéint dat allerdéngs schiedlech si fir d'Demokratie an Europa. Et wier also néideg eppes z'ënnerhuelen, sou de Jean Asselborn. Et kéint awer elo net dorëms goen, Géige-Propaganda ze maachen.

D'Europäesch Kommissioun huet iwwerdeems e Méindeg eng ëffentlech Consultatioun iwwer Fake News, déi am Internet verbreet gi lancéiert. Et soll och e weidere Grupp vun Experten op d'gestallt ginn. Dat soll dës Kéier ënnert der Regie vun de Commissairë geschéien, déi fir den digitale Maart zoustänneg sinn.

Eng Partie EU-Länner sinn an de leschte Jore selwer aktiv ginn. An der Tschechescher Republik, a Finnland oder an Lettland goufen op nationalem Niveau Agencen opgebaut, déi sech speziell mat russescher Propaganda befaassen.

Wat d'EU ugeet, sollen elo d'Finanzministere kucken, ob méi Moyenen zur Verfügung gestallt ginn, fir géint Desinformatioun virzegoen.