Radioen

On air

De Moien  |  Fatoumata Diawara - Nsera Feat. Damon Albarn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kulturhaaptstad: De Süden ënner Zäitdrock

Kandidatur fir 2022

Kulturhaaptstad: De Süden ënner Zäitdrock

D’Gemengen aus dem Süde vum Land wëllen Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ginn. D’Virbereedunge lafen op vollen Touren. Et bleift nach just ee Mount fir d’Kandidatur eran ze reechen. Et ass een ambitiéise Projet, hannert deem déi meeschte concernéierte Gemengen stinn, awer net all. De Projet war um Freideg och Thema am Escher an Diddelenger Gemengerot.

auto_stories

7 min

Esch steet am Zentrum vun de Bestriewungen fir d'Kulturhaaptstad 2022 (©Ville d'Esch-sur-Alzette)

​"Den Zäitdrock ass enorm", seet de Ralph Waltmanns, Chef vum Kulturservice vun der Stad Esch. Mat senger klenger Equipe huet hie nach just ee Mount Zäit fir d’Kandidatur eran ze reechen fir Europäesch Kulturhaaptstad 2022 ze ginn.

De Süde vum Land steet hannert der Kandidatur – dat ass d’Bild dat d’Politiker gäre no bausse verkafen. Néng vun 11 Gemengen vum Pro-Sud si bis elo an de Projet mat agebonnen. Zwou Gemengen si manner begeeschtert. Eng dovun ass Käerjeng. De Gemengerot huet d’Déclaration d’intention zwar ënnerschriwwen, mee huet nach keng Decisioun geholl. "Mir hunn de Moment weder déi kënschtleresch nach déi finanziell Approche an der Hand, dofir waarde mir fir d'éischt mol of. Falls Esch sech qualifizéiert ass et un hinnen een Dossier ze maachen, deen eis ka begeeschteren", erkläert de Michel Wolter

"Eng Kulturhaaptstad bréngt eis eppes".

Käerjeng huet nach keng Entscheedung geholl, Käl awer. An zwar gouf decidéiert datt ee net wéilt matmaachen beim Projet Europäesch Kulturhaaptstad 2022. De Buergermeeschter John Lorent schwätzt net rondrëm de Bräi. De retour sur investissement fir d’Gemeng Käl wäert sech net rechnen, seet den LSAP-Politiker. "Mir kommen eis lo och net vir wéi en Asterix a sengem klenge Gallierduerf. Mir stinn zu eiser Positioun", sou de Käler Buergermeeschter.

De Roberto Traversini, Député-Maire vun Déifferdeng, där drëttgréisster Gemeng am Land, gesäit déi ganz Diskussioun relativ entspaant. "Kommt mir kucken fir t’éischt, datt eis Kandidatur zréck behal gëtt, an dono schwätze mer iwwert de finanziellen Impakt an d‘Organisatioun", seet de grénge Politiker. An hien ass och iwwerzeegt: "Eng Kulturhaaptstad bréngt eis eppes". Et wier an enger éischter Phas mol wichteg, den Zouschlag fir de Süden ze kréien.

Käschten: 50 Euro pro Awunner

De Bäitrag vun de Pro-Sud Gemengen soll sech op maximal 50 Euro pro Awunner belafen. D’Participatioun vum Staat läit bei ronn 41 Milliounen. Dat sinn zwee Drëttel vum Budget. Beim Budget huet ee gekuckt wat esou ee Projet aner Kulturhaaptstied kascht huet, seet de Ralph Waltmans, de Chef vum Kulturservice vun der Stad Esch, deen och de Patron vum Organisatiounscomité ass. Hie seet, datt et méiglech ass, och méi spéit eréischt ze decidéieren fir matzemaachen.

Mee firwat iwwerhaapt deen Drock? Am Hierscht zejoert sinn d’Membere vu Pro-Sud sech op eemol bewosst ginn, datt just eng Gemeng d’Kandidatur kéint era reechen. De Choix ass op Esch gefall. An de Medien gouf et du Polemik wéinst den "Egoen vun Déifferdeng an Diddeleng", déi Angscht haten, datt Esch sech op Käschten vun anere kéint profiléieren.

Dorëms geet et guer net, seet awer de President vu Pro-Sud a Buergermeeschter vun Diddeleng, den Dan Biancalana. "Wa mer op dee Wee ginn da sollen och an alle Gemengen kulturell Evenementer stattfannen, an domat ee Spotlight op eng Gemeng geriicht ginn. Ech mengen, et ass déi Iddi déi wichteg ass an dann huet déi Diskussioun vun den Egoen och keng Daseinsberechtegung méi"

Lorent: net mat an d'Wahlen 2017

Am Ganze stinn néng vun eelef Gemengen vum Pro-Sud stinn hannert der Kandidatur, just Käerjeng a Käl hunn eben eng aner Meenung. Käerjeng léisst sech nach eng Dier op. Wat Käl ugeet, sou verweist den John Lorent op déi nächst Gemengewahlen 2017. Egal wéi déi nächst Koalitioun zu Käl ausgesäit, de John Lorent wäert net méi dobäi sinn.

No 30 Joer Lokalpolitik, dovun der zwielef als Buergermeeschter, trëtt den LSAP-Politiker net méi un bei de nächste Gemengewalen. "Mee wann sech 2017 eng Majoritéit fënnt déi et wichteg fënnt an deen Dossier ze investéieren, da géif ech se bieden elo scho mol ze kucken wat mir déi nächste Joeren investéieren, virun allem am Schoulwiesen. Do ass eng hallef Millioun méi oder manner vill wäert", sou den John Lorent.

Wéi realistesch d’Chancen sinn, datt Lëtzebuerg eng drëtte Kéier zréckbehal gëtt no de Kulturjoren 1995 an 2007 ass schwéier aschätzen. D’nächst Joer fält d’Decisioun. Datt den Zäitdrock e Nodeel kéint sinn, verhënnert net fir elo ze dreemen a Risken ze huelen, seet de grénge Politiker Roberto Traversini, Deputé-Maire vun Déifferdeng. "Wann ee virun 20 Joer gesot hätt d'Uni géif op de Belval kommen, hätt jidderee gelaacht, an dofir soll e roueg e bësschen utopesch sinn. Sou Saache bréngen eis weider a wann et ee Flop sollt ginn, da war et dat".

Escher Gemengerot: "Verstinn de Michel Wolter"

Um Freideg de Moien gouf am Escher Gemengerot de Projet "Europäesch Kulturhaaptstad 2022" virgestallt. Bei där Geleegenheet huet d'Buergermeeschtesch Vera Spautz op Aussoe vum Käerjenger Buergermeeschter am 100,7-Interview reagéiert: "Ech ka säi verzweifelte Kampf mat sech selwer verstoen.Wann een um internationale Parquet mat enger Weltausstellung mat der Gëlle Fra ze dinn hat, dann ass et natierlech schwéier sech mat engem Projet erëmzefannen dee méi terre à terre ass", sou d'Vera Spautz ironesch.

Déi Escher Buergermeeschtesch hofft awer datt de Michel Wolter awer nach wäert mat an de Projet eraklammen. "Wann net, hunn ech schon eng Kéier gesot: les absents ont toujours tort". Och am Diddelenger Gemengerot war d'Kulturhaaptstad um Freideg en Thema.