Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europäesch Solidaritéit an der Saackgaass

Europäeschen Asylsystem

Europäesch Solidaritéit an der Saackgaass

Den europäeschen Asylsystem funktionéiert net a soll reforméiert ginn. D'Diskussioune lafe schonn zanter Joren, een Accord ass net en vue. Dat huet sech des Woch op der Reunioun vun de responsabele Ministeren aus den EU-Memberlänner op en Neits erausgestallt. Dobäi huet d'Europaparlament scho virun e puer Méint gewisen, datt et méiglech ass ee Kompromëss ze fannen.

auto_stories

5 min

Parteiiwwergräifend gouf eng Propose ausgeschafft, déi um Enn vun enger Majoritéit gedroe gouf. De proposéierte System gesäit automatesch a permanent Ëmverdeelung vu Refugiée fir. Also genee dat, iwwer dat sech d'Memberlänner net eens ginn.

Et sinn net nëmmen d'Länner aus Osteuropa, déi sech géint d'Reformpläng stäipen. Och anerer sinn alles anescht ewéi zefridden. "Dem aktuelle Verhandlungsstand no ass de gemeinsamen europäeschen Asylsystem esou fir eis net akzeptabel", sot en Dënschdeg de Vertrieder vun der däitscher Regierung, de Stephan Mayer, Staatssekretär am Inneministère.Och de Jean Asselborn, dee fir Lëtzebuerg um Verhandlungsdësch setzt, war net ganz optimistesch, datt ee viru géif kommen.

D'Kommissioun hat scho virun zwee Joer eng Propose fir eng Reform vum Asylsystem op den Dësch geluecht. Zanterhier gëtt gestridden, virun allem ënnert de Memberlänner a virun allem iwwert ee méigleche Quotesystem fir Flüchtlingen an der EU ëmzeverdeelen, géint dee sech osteuropäesch Länner wieren.

Quote just a Krisenzäiten

Déi bulgaresch Presidence hat ee Kompromëss mat engem System an Etappe proposéiert, an deem d'Ëmverdeelung eréischt a Krisenzäiten obligatoresch wier. Déi Kris wier dann do, wann an engem Land méi ewéi 140 Prozent vun de Refugiéen ukommen, déi virdrun als ee fairen Undeel definéiert goufen oder wann d'Zuel vun den Demandeurs d'asyl méi héich ass ewéi 0,15 Prozent vun der Populatioun vun deem Land.

Mee och domat sinn d'Visegrad-Länner Ungarn, Tschechien, d'Slowakei a Polen net d'Accord. Si wëlle guer net gezwonge ginn, Refugiéen aus aneren EU-Länner opzehuelen. Südeuropäesch Länner wéi Italien a Griicheland fannen, datt nach ëmmer ze vill Responsabilitéit bei hinne léich. Well nach ëmmer géif dee sougenannten Dublin-System gëllen, bei deem d'Land, wou d'Refugiéë fir d'éischt ukommen, prinzipiell responsabel fir d'Asylprozedur ass.

"Dublin-System ass onfair"

D'Reform wier dowéinst keng Léisung, seet Catherine Woollard vum europäeschen Daachverband vun de Flüchtlingsorganisatiounen, ECRE. "Den Dublin-System funktionéiert net, en ass onfair, well en op dem Prinzip vum Land vun der éischter Arrivée baséiert. Dat heescht, datt d'Länner un de Baussegrenzen ëmmer disproportionéiert méi an der Responsabel sinn."

Déi proposéiert Reform léist dee Problem net, seet d'Catherine Woollard. "Si besteet doran ee falsche System duerch een Ëmverdeelungsmechanismus ze korrigéieren. Den Dublin-System awer bleift erhalen, eiser Meenung no misst e ganz iwwerschafft ginn. D'Länner misste kollektiv responsabel gemaach ginn."

Parlament ass sech eens ginn

Esou eng Propose läit schonn um Dësch. Si kënnt aus dem Europaparlament a si gëtt do vun enger Majoritéit gedroen. Dat ass erstaunlech, ëmmerhi sëtzen am Parlament Deputéiert vun all deene Länner, déi sech um Niveau vun de Regierungen net eens ginn. Déi lescht Woch hunn zu Stroossbuerg op enger Pressekonferenz Vertrieder vu sechs Fraktiounen een Appell lancéiert un d'Regierungen, endlech een Accord ze fannen.

D'Propose vum Parlament ass ambitiéis. Si gesäit zum Beispill eng automatesch a permanent Ëmverdeelung vun de Refugiéë fir. Deemno wier net méi dat Land, wou ee Refugiée fir d'éischt EU-Buedem betrëtt, responsabel. D'Jean Lambert vun de Gréngen erkläert: "Refugiéeë sollten ee limitéierte Choix hunn vu Länner, an deenen hire Fall da géif gekuckt ginn. Eiser Meenung no géif dat hinnen e gewësse Spillraum an deem System ginn an dofir suergen, datt si sech méi stabil en engem Land nidderloossen an dann och do bleiwen."

Parlament proposéiert automatesch a permanent Quoten

Et geet net drëms, de Refugiéen de fräie Choix ze ginn, seet d'Catherine Woollard vun ECRE. "D'Preferenze vun de Leit sollten ee vu ville Facteure sinn, déi bei der Decisioun iwwert d'Ëmverdeelung eng Roll spillen. Dat ass den eenzege Wee, ee faire System op d'Been ze setzen."

Déi Relocatioun wier obligatoresch. Engem Land, dat sech net drun hält a refuséiert Refugiéen opzehuelen, géife Sanktioune bléien, EU-Subventioune kéinte gestrach ginn. Trotzdeem war et méiglech, een Accord am Parlament ze fannen.

Also muss dat och ënnert de Memberlänner goen, seet d'Cecilia Wikström, schwedesch Liberal a Rapportrice vum Parlament an dësem Dossier. Noutfalls misst eben ofgestëmmt ginn. Dat wier an den Traitéen och esou virgesinn. Am Conseil wollt ee bis elo e Vott vermeiden.

Déi leschte Kéier, wéi et em en temporäre Quotesystem goung, waren d'Visegrad-Länner iwwerstëmmt ginn. Mam Resultat, datt si sech dono trotz Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff standhaft geweigert hunn, de System z'applizéieren. Vun EU-Diplomate war ze héieren, datt et den Ament mol keng qualifizéiert Majoritéit fir d'Reform gëtt.

Solidaresch op de Baussegrenzen

Gestridde gëtt iwwerdeems och doriwwer, wéi laang ee Land responsabel fir d'Asylprozedur vu Refugiéen ass, déi op sengem Territoire ukommen. Dozou gehéiert och, wéi laang een anert EU-Land Flüchtlinge kann dohin zeréckschécken.

Länner aus dem Süde géifen dës Period gären op maximal zwee Joer limitéieren, déi bulgaresch Presidence proposéiert aacht Joer. Däitschland ass fir zéng Joer an dowéinst géint d'Reformpropose, seet de Staatssekretär Stephan Mayer. Nees anerer notzen d'Stonn vum Desaccord, fir hir Schwéierpunkten z'ënnersträichen.

Den Herbert Kickl, éisträicheschen Inneminister sot, et sollt een do solidaresch sinn, wou et drëm geet, illegal Migratioun ze verhënneren. Hie gesäit grouss Gemeinsamkeeten tëscht de Länner bei der Protektioun vun de Baussegrenzen. An deem Domän sollt een de Begrëff vun der europäescher Solidaritéit nei beliewen, fënnt hien.

Dat ass eng nei Definitioun vun europäescher Solidaritéit fir déi sech och d'Visegrad-Länner asetzen. Den Asysldossier steet Enn des Mounts um EU-Sommet um Ordre du jour. Bis elo zeechent sech awer och um Niveau vun de Regierungscheffe keen Accord of.