Radioen

On air

Resonanzen  |  Yann Tiersen - L'après midi, aus 'Le fabuleux destin d'Amélie Poulain' (Filmmusek) - Anna Scheps (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament diviséiert iwwer Reglement fir Securité sociale

Sozialversécherung

Europaparlament diviséiert iwwer Reglement fir Securité sociale

Zanter Jore gëtt an der EU doriwwer diskutéiert, wéi een d'Systemer vun der Sécurité sociale besser koordinéiere kann. D'Memberlänner gi sech bis elo net eens iwwer dat neit Reglement. D'lescht Woch sinn d'Verhandlunge bis op Weideres op Äis geluecht ginn. Och am Europaparlament ass ee sech net eens.

auto_stories

2 min

A leschter Minutt war dee Sujet erëm op den Ordre du jour gesat ginn. Déi konservativ Europäesch Vollekspartei (EVP), gréisste Fraktioun am Europaparlament, war dofir, en deem nächste Parlament ze iwwerloossen.

Den Text wier net zeideg fir driwwer ofzestëmmen, sou d'Argument. Där selwechter Meenung sinn eng Partie Memberlänner. Hinne reprochéiert de Rapporteur vum Text, de franséische Sozialist Guillaume Balas, datt si just wëllen Zäit gewannen a prett sinn, e puer Joer Verhandlungszäit ewechzegeheien.

Grondprinzip vun der fräier Zirkulatioun a Fro gestallt

Hie schwätzt vun nationalen Egoismen. "Wéi kann ee vun nationalen Interête schwätzen, ouni fir d'éischt un all d'Salariéen an hir gemeinsam Interêten ze denken? Wann ee weess, datt déi grouss Entreprisen d'Konkurrenz notzen, fir d'Protektioun vun den Aarbechter ze schwächen?", sot hien an der Plenière.

Och d'Europadeputéiert Gabi Zimmer vun Die Linke seet, mat där Haltung géif de Grondprinzip, d'Bierger an der EU d'nämmlecht ze behandelen, a Fro gestallt ginn. Déi fräi Zirkulatioun misst fir jiddweree gëllen a jiddweree misst sozial d'nämmlecht ofgeséchert sinn.

Eent vun deene Länner, déi hei ugeschwat ginn, ass Lëtzebuerg. De Grand-Duché war dogéint, dat Reglement elo unzehuelen. Fir Lëtzebuerg geet et ëm vill Suen, well duerch dat Reglement Frontalieren ee Recht op Chômage zu Lëtzebuerg kriten.

Geografesch Trennlinn

Am Parlament awer ass d'Meenung och gedeelt. De Gruef, dee sech duerch d'Parlament zitt, entsprécht am Allgemengen deene geographeschen Divisiounen, déi et och tëschent de Memberlänner gouf. Nieft Lëtzebuerg war och Däitschland, Holland, Dänemark, Polen an déi Tschechesch Republik géint dat neit Reglement. Deputéiert aus deene Länner hunn am Debat am Parlament an der Majoritéit dofir opgeruff, dogéint ze stëmmen. Déi aus Frankräich, Rumänien a Spuenien sinn éischter dofir.

D'Parlament hätt eigentlech sollten en Donneschdeg iwwer d'Reglement ofstëmmen. Dee Vott gouf awer du verhënnert, well eng Majoritéit dofir war, awer net iwwer den Text, sou wéi e virlouch, ofzestëmmen. Ob a wéini dono mat de Memberlänner viru verhandelt gëtt, ass deemno onkloer.


Detailer mam Danièle Weber:

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.