Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament finaliséiert de Brexit

EU-UK-HANDELS-ACCORD

Europaparlament finaliséiert de Brexit

Mat grousser Majoritéit huet d'Europaparlament den Handelsaccord, deen d'EU mat Groussbritannien ofgeschloss huet, ugeholl. Et ass dee leschte D'Parlament bleift awer skeptesch, op déi brittesch Säit sech och un den Accord hale wäert.

auto_stories

3 min

"Get Brexit done" - dat war ee vun de Leitmotiver vum aktuelle Brittesche Premier Boris Johnson. Elo huet och déi aner Säit dee Sproch gewëssermoossen iwwerholl.

"Mir hunn déi regrettabel Aufgab, dee Brexit elo wierklech zu Enn ze bréngen", seet ee vun den zwee Rapporteuren am Europaparlament iwwer den Handelsvertrag mam Vereente Kinneksräich, den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen.

Grouss Majoritéit dofir, mee et bleiwen Zweiwel

660 Europadeputéiert hunn um Enn fir den Handels-Accord gestëmmt, nëmme fënnef waren dogéint, 32 hu sech enthalen. Den Accord war schonn zanter dem 1. Januar provisoresch a Kraaft, mat der Zoustëmmung vum Parlament ass en elo endgülteg ëmgesat.

Als Ofschloss vum Prozess hat d'Parlament en Dënschdeg iwwer dräi Stonne laang deen Handelsvertrag an enger Debatt duerchgeholl. Dorun, datt eng Majoritéit fir den Accord stëmmt, gouf et keen Zweiwel méi.

Ganz vill Deputéiert hate sech awer zu Wuert gemellt, et hat een d'Gefill, verschiddener hu nach eng Kéier missen Äddi soen. De Vertrag soll dofir suergen, datt d'Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien gereegelt oflafen. E léist awer net all Problemer.

D'Europaparlament bleift skeptesch ob d'Engagementer dono och agehale ginn, de Brittesche Premier hätt gewisen, datt hien net zéckt de Contraire ze maachen, sot zum Beispill de belsche Grénge Philippe Lamberts. Virun allem den Dateschutz mécht him Suergen, hei wier den Text net kloer genuch.

Dorop an op aner Punkte wäert d'Parlament een A behalen.

Den Handelsaccord bitt Méiglechkeeten ze intervenéieren, wa sech Groussbritannien net un de Vertag hält, seet de Christophe Hansen:

"Wann zum Beispill den Accord de Retrait net richteg ëmgesat gëtt, oder wann Decisiounen unilateralement vu Groussbritannie geholl ginn, da këmme mir mat deem Handelsaccord Tariffer op Importer imposéieren oder Quoten, dat sinn alles Hiewelen, déi mer duerch deen Handelsaccord kréien."

Finanzservicer nach net regléiert

D'Parlament kritt, an deem wat kënnt, Matsproochrecht, dat versprécht d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen a gouf esou an enger schrëftlecher Deklaratioun festgehalen. Een Zougeständnes un d'Parlament, wat net frou war, datt den Accord provisoresch a Kraaft getrueden ass, ier demokratesch doriwwer ofgestëmmt gouf.

Dat dierf sech net widderhuelen, seet de President vun der Aussepolitescher Kommissioun, den David McAllister. Et géif sech hei ëm eng Ausnam handelen, a net ëm ee Präzedenzfall.

De President vun der Handelskommissioun, dann de Bernd Lange kuckt no vir, op dat, wat net an deem Accord gereegelt gouf - dat sinn zum Beispill d'Finanzservicer. Et wier duerchaus virstellbar de Britten Zougank zum EU-Marché ze ginn zum Beispill am Beräich vu Liewensversécherungen oder Derivat-Handel, allerdéngs net ouni Konditiounen.

Bei allem Wonschdenken, dat et mat dësem Vott elo mam Brexit gedoen ass: Et bleiwen nach eng Partie Dossieren op. Déi richteg Brexit-Ära, déi mat Groussbritannien als Net-EU-Land huet elo eréischt ugefaangen.