2014 hat d'Parlament séier gehandelt. Schonn e puer Deeg no de Wahlen hu sech d'Fraktiounscheffen hanner den deemolege Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei, de Jean-Claude Juncker, gestallt. Et wollt ee sech och demonstrativ hanner de System vum Spëtzekandidat stellen. Dës Kéier ass dat anescht: et gëtt e puer Fraktiounen, déi sech Chancen ausrechnen, dat ee Kandidat aus hire Reie Kommissiounspresident oder Kommissiounspresidentin kéint ginn.
Elo krut de Conseilspresident Donald Tusk den Optrag no Kandidate fir d'Spëtzeposten ze sichen. Domat huet hien d'Heft an der Hand. An d'Parlament riskéiert, datt seng Positioun geschwächt gëtt.
Lauschtert eisen EU-politesche Wocheréckbléck
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.