Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regele fir Roboteren

Europaparlament

Regele fir Roboteren

Robotere spillen ëmmer méi eng grouss Roll am Alldag. Dat werft och juristesch an ethesch Froen op. Déi juristesch Kommissioun vum Europaparlament huet versicht sech deene Froen an engem Rapport ze stellen.

auto_stories

3 min

Wat geschitt, wann ee Mënsch duerch engem Roboter säin Handele blesséiert gëtt oder souguer ëm d'Liewe kënnt? Dat ass nëmmen eng vun de Froen, déi d'Europaparlament mat der Diskussioun iwwer eng Reglementatioun vun de Robotere wëll klären. De Rapport, deen d’lescht Woch an deem Sënn vun der Justizkommissioun ugeholl gouf, gëtt elo an enger nächster Phas an der Plenière diskutéiert.

D'Robotik ass ee komplexe Sujet, seet déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Mady Delvaux, Rapportrice. "Et geet duer, datt ee Reseau net fonctionnéiert, fir datt de Roboter net funktionéiert. An ee Roboter sammelt och onheemlech vill Informatiounen, wat de Problem vum Dateschutz opwerft".

E Grondakommes (net fir Roboteren)

De Rapport vun der Justizkommissioun geet am Endeffekt méi wäit, wéi d'Mady Delvaux geduecht hätt. Datt si zum Beispill eng Majoritéit géif kréien, fir hir Propositioun vun enger Taxe op Roboteren, iwwerrascht si. Donieft geet am Rapport vun engem Grondakommes Rieds, dee kéint geschaf ginn, fir Leit z’ënnerstëtzen, déi hir Aarbecht duerch den Asaz vu Robotere verléieren.

Dat soll iwwer ee Kompensatiounsfong gespeist ginn. "D'Experte sinn sech net eens", erkläert d'Mady Delvaux. "Robotere sollen Aarbechtsplazen zerstéieren, mee et gëtt och gesot, datt si neier kreéieren. Wann et souwäit kënnt, datt Leit hir Aarbecht verléieren, wéinst dem Asaz vu Roboteren - wat ech de Moment net weess - da brauchen déi Leit ee gewëssent Akommes. Dowéinst ass d'Iddi komm, fir iwwer een universellt Akommes ze diskutéieren".

De Sujet vum Grondakommes géif awer iwwer d'Robotik-Diskussioun erausgoen. Et misst ee sech d’Fro stellen, wéi d’Zesummeliewe vun der Gesellschaft an Zukunft soll funktionnéieren. Et dierft net sinn, datt Leit géifen ausgeschloss ginn. Dowéinst misst ee sech Gedanken iwwer d’Redistributioun vum Räichtum, dem Wëssen an der Kultur maachen, esou d'Mady Delvaux-Stehres.

Wien ass responsabel am Fall vu Schued?

D'Entwécklung am Beräich vun der Robotik wier immens séier, seet d’Mady Delvaux. Dowéinst wier et wichteg, sech elo scho Gedanken driwwer ze maachen, wien d'Responsabilitéit dréit, wann een héichentwéckelten autonome Roboter - wéi zum Beispill en Auto, dee selwer fiert - Schued mécht. D'Fro géing sech stellen, ob de Produzent, de Vendeur, de Proprietaire oder e puer Acteuren dofir kéinte responsabel gemaach ginn.

"Wann et esou wäit kënnt, datt d'Roboteren ëmmer méi selbststänneg ginn, an also vun hirer Ëmwelt léieren, da gëtt et méi schwéier, dee responsabel ze maachen, deen en hiergestallt huet", constatéiert d'Mady Delvaux. Dofir gouf an den Diskussioune ronderëm de Rapport d'Iddi opgeworf, fir dem Roboter eng Personalitéit ze ginn - wat géif heeschen, datt e Roboter misst opkomme fir en Dedommagement am Fall vun engem Schued. "Mee do sinn awer ëmmer Leit hannendrun", sou d'Mady Delvaux.

Steieren op Roboteren

Um Enn wier ee sech awer net doriwwer eens ginn, fir de Produzent vum Roboter fir responsabel z'erklären, sou d'Europadeputéiert. D'Mady Delvaux ass awer der Meenung, datt de Produzent kloer misst verantwortlech gemaacht ginn. Déi sougenannten "e-Perséinlechkeet" vum Roboter wier just eng vun de Méiglechkeeten, déi de Rapport fir d'Zukunft opwerft. "D'Iddi, déi a verschidde Kreesser zirkuléiert, datt e Roboter soll Rechter a Flichten hunn, déi existéiert an eisem Rapport awer net".

De Rapport gesäit aktuell och d'Méiglechkeet vir, datt eventuell Steieren op de Roboteren erhuewe ginn. Et wier awer méiglech, datt déi Mesure et net an dee fäerdegen Text géing packen. Mam Rapport, un deem iwwer zwee Joer geschafft gouf, soll e Kader opgestallt ginn a Prinzipien agefouert ginn, déi an der Europäescher Unioun wäerte gëllen. De Rapport wier awer absolut "keng Science Fiction", huet d’Mady Delvaux betount.