Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament wëllt Prozedur géint Ungarn

EU-Ungarn

Europaparlament wëllt Prozedur géint Ungarn

Dem Europaparlament no muss d'EU géint Ungarn eng Prozedur lancéieren, well d'Land géint d'Rechtsstaatlechkeet verstéisst. Dem Premier Viktor Orbán seng Aussoen haten dozou bäigedroen, datt beim Vott déi néideg Zwee-Drëttel-Majoritéit zesumme koum. "Ech hätt och dofir gestëmmt", seet am 100,7-Interview den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker.

auto_stories

5 min

De Jean-Claude Juncker seet, hien hätt och fir eng Artikel 7-Prozedur gestëmmt. Foto: European Union, 2018 / Etienne Ansotte.

Ee Selfie mam Viktor Orbán: Et gouf méi wéi een Europa-Deputéierten, dee sech nom Debat no vir gedréckt huet, fir sech mam ungaresche Premier op sengem Handy ze veréiwegen. De Viktor Orbán huet och Supporter am Europa-Parlament.

Um Enn war et awer säin Optrëtt, dee mat dofir gesuergt, datt de Rapport vun der hollännescher Grénger Judith Sargentini mat grousser Majoritéit gestëmmt gouf. Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht vun der EU, datt d'Parlament esou eng Initiativ hëlt.

Zwee Drëttel Majoritéit erreecht

Dee Rapport proposéiert, datt géint Ungarn soll eng Prozedur ageleet ginn, well d'Land d'Prinzipie vum Rechtsstaat net anhält. 448 Europadeputéiert hunn dofir, 197 dogéint gestëmmt. Domat ass kloer, datt och de Support vum ungaresche Premier an den eegene Reien ofhëlt an datt ee gudden Deel vun de Memberen aus der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei de Viktor Orbán an deem Vott net ënnerstëtzt huet. Dem Viktor Orbán seng Fidesz-Partei ass Member vun der EVP.

An hire Reie gëtt et scho méi laang Kritiker vun der ungarescher Regierung. Zum Beispill d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Ingeborg Graessle vun der däitscher CDU. Si sot, datt et an Ungarn beim Management vun EU-Gelder massiv Problemer géif ginn, an datt dat an der Lescht éischter méi schlëmm ginn ass.

Ganz d'Accord mat där Analys ass de Lëtzebuerger Europadeputéierte vun der CSV, de Frank Engel. Hie fënnt scho méi laang, datt d'Politik vun der ungarescher Fidesz-Partei näischt mat Chrëschtdemokratie ze dinn. Dowéinst géif et héich Zäit ginn, datt d'Fidesz-Partei aus der EVP ausgeschloss gëtt. Sollt dat net geschéien, misst sech d'CSV iwwerleeën, ob si nach an der EVP bleiwe wëllt.

Politesch Zukunft vum Viktor Orbán?

"Ech stëmmen haut dofir, den Artikel 7 ze declenchéieren", huet de Fraktiounschef vun der EVP, de Manfred Weber op Twitter matgedeelt. Hien huet bis elo zu deene gezielt, déi sech hanner de Viktor Orbán gestallt hunn. Zanter datt hien am Gespréich ass fir Spëtzekandidat vun der EVP ze ginn, ass hie méi kritesch par Rapport zur ungarescher Regierungspolitik.

Hien hätt beim Orbán senger Ried am Parlament guer keng Kompromëssbereetschaft vum ungaresche Premier gesinn, esou de Manfred Weber. Fir hien hätt sech déi ungaresch Regierung misste beweegen, op d'mannst, wat dat ëmstriddent Universitéitegesetz an och wat d'Finanzéierung vun ONGen ugeet.

Orbán: Ech gi fir meng Migratiounspolitik bestrooft

Hei géif net eng Regierung, mee ee Vollek veruerteelt, sot den Viktor Orbán, dee sech am Parlament alles anescht wéi kompromëssbereet gewisen huet. Hie géif an éischter Linn dofir bestrooft ginn, datt hien eng aner Haltung an der Migratiounspolitik vertrëtt, sou seng Iwwerzeegung.

Orbán um rietse Bord als Held gefeiert

Vill Applaus krut hien um rietse Bord. Fir de Jörg Meuthen vun der däitscher AfD laut den Viktor Orbán d'Enn vun der Chrëschtdemokratie an, hie sollt op alle Fall op där Linn bleiwen.

Fir den Harald Vilimsky vun der éisträichescher Rietspartei FPÖ ass de Viktor Orbán en europäeschen Held, well hien d'Grenzen zougemaach huet.

Nach ee laange Wee ...

D'FPÖ sëtzt an Éisträich mat der ÖVP an der Regierung. An hire Chef, de Kanzler Sebastian Kurz, huet matgedeelt, datt seng Partei de Rapport vum Parlament ënnerstëtzt. Zwou Meenungen also an enger Regierung. Vläicht och en Hiweis dorop, wéi komplizéiert déi Saach um Niveau vun de Memberlänner gëtt.

Do nämlech lant de Fall Ungarn elo. Op d'mannst véier Fënneftel vun den 28 EU-Memberlänner mussen dofir sinn, eng Prozedur ze lancéieren. Eréischt da gëtt den Artikel 7 declenchéiert, deen um Enn dofir suerge kéint, datt Ungarn säi Stëmmrecht verléiert.

Juncker: Ech hätt och fir eng Artikel 7-Prozedur gestëmmt

Wann hien am Parlament wier, hätt hien och dofir gestëmmt, datt den Artikel 7 ugewant gëtt, sot zu Stroossbuerg den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am 100,7-Interview. Och d'Kommissioun hätt kënnen esou eng Prozedur lancéieren. Si huet dat am Fall vu Polen gemaach.

D'Kritik vun der Rapportrice Judith Sargentini, d'Kommissioun hätt sech am Fall vun Ungarn ze vill zeréckgehalen, weist de Kommissiounspresident zeréck. "Mir sinn déi éischt Kommissioun, déi den Artikel 7 net nëmmen an de Mond hëlt, mee am Fall vu Polen aktiv zur Uwendung bréngt." Ze soen, datt d'Kommissioun op deem Gebitt net aktiv genuch ass, wier "d'Aktioun vun der Kommissioun ongenügend präzis beschriwwen", sou de Jean-Claude Juncker.


D'Danièle Weber am Panorama, den 12. September um 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow