De Ministère géif probéieren drop ze drängen, datt d'Euthanasie-Gesetz vun 2009 respektéiert gëtt, an datt et iwwerall respektéiert gëtt, esou den Dokter Jean-Claude Schmit no de Kritiken de leschte Mount vun der nationaler Euthanasie-Kontrollkommissioun, datt et Widderstänn bei de Medeziner op verschiddene Plaze géif ginn.
Informatioun a Formatioun
Et géif ee momentan eng Kommissioun nominéieren, déi verschidde Mesure soll hëllefen ëmzesetzen. D'Ëffentlechkeet soll ugeschwat ginn, genee wéi de Corps médical an d'Soignanten am Allgemengen. No der Informatioun soll an Zukunft och eng Formatioun fir Dokteren ugebuede ginn, fir Retizenzen ofzebauen. Doktere sollen och konkret doriwwer informéiert ginn, wéi een esou e Prozess praktizéiert.
Et sollen an Zukunft och gesetzlech Upassungen un de Gesetzer fir d'Euthanasie a fir d'Palliativ-Medezin ginn, sou den Direkter vun der Santé am Gesondheetsministère.