"D'Euthanasie ass weder an der Offer vu Spideeler nach Dokteren" - analyséiert de Jean-Jacques Schonckert, President vun der ADMD-L - der "Association pour le droit de mourir dans la dignité". Dëst wier op e Manktem un Informatioun zréckzeféieren, mee och duerch eng gewëssen Desinformatioun ze erklären. "Gebetsmühlenarteg" géif praktesch ëmmer nëmme vu Palliativmedezin geschwat ginn. Fir e Patient wier d'Palliativmedezin vill méi einfach ze kréien. Wann een awer Euthanasie wëllt, muss eng Demande maachen, déi bei der "Commission nationale de contrôle et d'évaluation" enregistréiert gëtt.
34 Euthanasien zënter 2009
"Et gëtt bei eis kee Recht op Euthanasie, mee just e Recht Euthanasie unzefroen." Esou misst och deejéinegen, dee säi Liewen laang dofir plädéiert huet, eng Demande maachen, fir en Fin de vie kënnen euthanaséiert ze ginn, seet de Jean-Jacques Schonckert.
Ier d'Gesetz 2009 a Kraaft getrueden ass, gouf vun de Géigner argumentéiert, elo géif zu Lëtzebuerg "doutgesprëtzt" ginn. 34 Fäll a 7 Joer beweisen de Géigendeel, ënnersträicht de Jean-Jacques Schonckert, am internationalen Verglach wieren dat der ganz wéineg.
Nei Informatiounscampagnen
D'ADMD-L wëllt d'Leit elo besser iwwert hier Rechter am Kontext vun der Euthanasie informéieren. Dofir sollen an nächster Zukunft geziilten Informatiounscampagnë gemaach ginn, fir d'Modalitéiten aus dem Gesetz méi bekannt ze maachen.
De Jean-Jacques Schonckert ass zënter dem leschte Joer un der Spëtzt vun der Associatioun: generell géif hei en neie Wand blosen, et wier frësch Energie do, fir sech fir d'Euthanasie anzesetzen, esou de Jean-Jacques Schonckert.