Radioen

On air

Resonanzen  |  Claude Debussy - Masques, L 105 - Cathy Krier (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Evakuatiounen viru méigleche russeschen Ugrëff

Ukrain-Krich

Evakuatiounen viru méigleche russeschen Ugrëff

Gouverneuren an den Donetsk a Luhansk Regiounen an der Ukrain hu Leit opgeruff den Oste vun der Ukrain ze evakuéieren. Russesch Ugrëff kéinten an deenen nächsten Deeg do méi intensiv ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'Defaite vun der russescher Arméi an de Viruerter vun der Haaptstad Kiew huet en neit Kapitel am Krich ervirbruecht. All Experte sinn sech eens - an d'NATO, an d'ukrainesch Arméi si sech eens - datt Russland sech elo op den Oste konzentréiere wëll.

Evakuatiouns-Zich sollen an de Westen fueren

Verschidden Truppen, déi aus dem Norden zeréckgezu goufen, ginn och an noer Zukunft an den Oste geschéckt.

Am Donbas ass schonn zënter 2014 e Krich tëscht der ukrainescher Arméi a pro-russesche Separatisten amgaangen. Elo wëll de russesche President Wladimir Putin gréisser Deeler vun där Géigend ënner seng Kontroll kréien. An de respektive Regiounen Donetsk a Luahsnk goufen d'Awunner elo opgeruff ze evakuéieren, mat private Mëttel ier datt et an Zukunft villäicht net méi méiglech ass.

An der Regioun Luhansk goufen um Mëttwoch iwwer 1.000 Leit evakuéiert. Méi vun deene Couloire sollen och haut vun Ziviliste benotzt ginn, esou d'ukrainesch Regierung. Och Evakuatiouns-Zich sollen haut aus der Regioun Donetsk an de Weste fueren.

Russesch Truppen loossen Convoien vum Roude Kräiz net eran

Fir aus der ëmkämpfter Stad Mariupol erauszekommen ass et méi schwéier. Iwwer 1.000 Leit hunn et trotzdeem gëschter gepackt vun do ze flüchten. Eleng, ouni e Convoi vum Internationale Roude Kräiz. Si soen, datt et onméiglech ass an d'Stad eranzekommen an datt si et schonn zënter e Freide probéieren. Hir Convoie gi vu russeschen Truppen net eragelooss. Nach eng 160.000 Ziviliste wieren zu Mariupol, esou de brittesche Renseignement.

Den ukrainesche President Volodymr Zelenskyy huet iwwerdeems nach eng Kéier en Opruff gemaach fir méi Waffen aus dem Weste geschéckt ze kréien. D'Arméi ass prett ze kämpfe mee bräicht Hëllef. De Mangel un neie Waffen an déi schwaach europäesch Sanktiounen, aus der ukrainescher Siicht, ginn de Russen d'Erlabnis fir am Osten nach eng Kéier unzegräifen.