EVP-Kongress: Jean-Claude Juncker ass Spëtzekandidat

De Jean-Claude Juncker ass Kandidat vun der Europäescher Vollekspartei fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident. De fréiere CSV-Premier krut um EVP-Kongress zu Dublin 382 Delegéierten-Stëmmen, géigeniwwer 245 fir de Fransous Michel Barnier.
o wier keng Zäit méi ze verléieren, sou de Jean-Claude Juncker a senger éischter Ried als EVP-Spëtzekandidat: déi europäesch Sozialdemokraten hätten hiren Europawahlkampf scho laang lancéiert, dee Retard misst elo opgeholl ginn.

De Spëtzekandidat vun de Konservativen huet iwwerdeems kritiséiert, datt d'Sozialdemokraten  déi d’Euro-Krisepolitik als reng Austeritéitspolitik duerstellen géifen: Un den Decisioun wieren an de Krisejoren och sozialdemokratesch Regierungsvertrieder bedeelegt gewiescht. An den Euro hätt ee gerett.

Hei déi éischt Ried vum Jean-Claude Juncker als EVP-Spëtzekandidat:

 

An enger Pressekonferenz huet de Jean-Claude Juncker op e Neits betount, datt hien zu Lëtzebuerg net op der CSV-Lëscht wäert kandidéieren: hie wéilt EU-Kommissiounspresident ginn, a net Europadeputéierten.

D'Pia Oppel am Owespanorama live vum EVP-Kongress zu Dublin:

 

jcjuncker

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Un(e) rédacteur(rice) web

    Webjournalist

    L'Etablissement Public de Radiodiffusion Socioculturelle recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, Un(e) rédacteur(rice) web sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à temps plein.

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen