Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Quantic - Run (feat. Andreya Triana) Sofia Kourtesis Remix

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ewech vun enger 'orientation par l'échec'"

Beruffsausbildung

"Ewech vun enger 'orientation par l'échec'"

D'Beruffsausbildung misst strukturell iwwerschafft ginn, an der Reform vun 2011 wieren et awer eng Rei gutt Elementer ginn, sou de Paul Krier, Direktiounsmember vun der Chambre des métiers. D'Orientéierung misst verbessert, e Stufemodell agefouert, déi verschidden Acteuren aus der Formation professionnelle besser ënnert enee coordinéiert ginn.

auto_stories

3 min

Paul Krier

D'Uni Lëtzebuerger hat d'Reform vun 2011 vun der Formation professionnelle negativ bewäert. De Gewerkschaften no sollt ee ganz neien Text ausgeschafft ginn, d'Chambre des métiers wëll hirersäits um aktuelle Gesetzestext opbauen. "Ze vill, ze séier, ze komplizéiert", wier d'Reform gewiescht, sou de Paul Krier vun der Chambre des métiers.

Gutt Elementer wieren et trotz allem ginn. D'Ausriichtung vum Unterrecht op Kompetenzen. Déi modulär Organisatioun, déi eng gewësse Flexibilitéit géif zouloossen. Positiv wier och, datt den Techniker-Diplom an d'Formatioun integréiert ginn ass: déi Diploméiert hätte besser Carrièresperspektiven. D'Reform hätt och eng méi grouss Zesummenaarbecht tëschent Schoul a Betriber erméiglecht, och wann dat net ëmmer géif klappen, sou de Paul Krier.

Handwierk dacks ënnerschat

Den zoustännege Minister Claude Meisch hätt bilateral Gespréicher mat de Sozialpartner an Ugrëff geholl, an den nächste Méint wier mat Gesetzesvirlagen ze rechnen. Ee vun de Schantercher ass elo, fir de Mann vun der Chambre des métiers, d'Orientatioun. Dat nëmme véier vun zéng Kanner d'Formatioun no dräi Joer ofgeschléisse wier haaptsächlech op eng falsch Orientatioun zeréck ze féieren.

"Do musse mer ewech vun enger 'orientation par l'échec', wou d'Formation professionnelle dacks dee leschte Choix ass vun den Elteren an de Kanner". Dat hätt och mat der Mentalitéit hei am Land ze dinn. Den Handwierk wier dacks ënnerschat, aner Secteure wiere vläicht besser an der Gesellschaft ugesinn.

Bei de Sproochekenntnisser, déi ee vun de Schüler verlaangt, misst ee méi differenzéiert virgoen. "Méisproochegkeet däerf keng Barrière si fir eng Formatioun unzefänken", sou de Paul Krier. Den Ament géif et dacks eng Eliminatioun iwwert d'Sprooche ginn, Kanner vu Résidente géifen diskriminéiert ginn. An da géif Main-d'œuvre aus dem Ausland importéiert ginn, déi souwisou och net all d'Sprooche géif beherrschen.

Mam Technikerdiplom op d'Uni

D'Technikerformatioun misst esou geännert ginn, datt déi Diploméiert an Zukunft och kënnen op d'Uni weider studéiere goen. D'Chambre des métiers fuerdert allgemeng d'Aféierung vun engem Stufemodell, deen et soll erlabe sech vun ënnen no uewen erop ze schaffen. Datt de Punktesystem nees fir d'Rentrée 2017/18 an der Beruffsausbildung agefouert gëtt wier, an den Ae vum Paul Krier, kee Problem. Virausgesat, d'Schüler ginn no Kompetenze bewäert, quitt datt déi dann a Punkten ausgedréckt ginn.

Den Encadrement vun der Formatioun misst méi enk, méi professionell ginn. Fir d'"équipes curiculaires", déi d'Programmer fir all Beruff ausschaffen, misste spezifesch Kandidate recrutéiert ginn. Déi Leit missten sech dann nëmmen ëm dës Aufgab bekëmmeren, bis elo maache Patronen dat nieft hirer Aarbecht. "An der Formatioun feelt et un engem Pilotage", fënnt de Paul Krier. D'Coordinatioun vun de villen Acteuren an der Beruffsausbildung kéint och just de Ministère iwwerhuelen.

De Paul Krier war Invité beim Mick Entringer: