Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ex-Polizist wéinst Doudschlag verurteelt

No déidleche Schëss 2018 zu Bouneweg

Ex-Polizist wéinst Doudschlag verurteelt

De fréiere Polizist, deen 2018 en Automobilist zu Bouneweg erschoss hat, gouf de Mëttwoch vun der Chambre Criminelle wéinst Doudschlag zu fënnef Joer Prisong verurteelt, dovun dräi Joer op Sursis. De Parquet hat eng Prisongsstrof vun 30 Joer gefuerdert.

auto_stories

1 min

D'Urteel ass vergläichsweis niddereg ausgefall, well d'Geriicht d'Provokatioun vum Chauffeur vum Auto als circonstances atténuantes zeréckbehalen huet.

Zousätzlech ass den Ugekloten zu enger Rei Geldstrofe verurteelt ginn a muss der Fra vum Affer ronn 20.000 Euro Schuedenersatz bezuelen.

Den deemools 22 Joer ale Polizist hat bei enger Verkéierskontroll dräimol geschoss, hie sot, den Automobilist wier mam Auto op hien duer gefuer. D'Enquête duerno hat awer Froen iwwer d'Behaaptung vu legitimmer Defense opgeworf. De Prozess hat Enn September op der Chambre Criminelle ugefaangen. D'Vetriederin vum Parquet hat eng Verurteelung wéinst Doudschlag gefuerdert.

Den Affekot vum Ugekloten huet d'Urteel a senger éischter Reaktioun bedauert.


Philippe Penningplay_arrow


"Mir waarden d'Urteel of fir ze liesen, wéi dat do motivéiert ass, well ech froe mech awer wéi si dat dote gedréint hunn fir ze soen dass de Client do eng Intentioun hat fir wëllen een dout ze maachen an där dote Situatioun wou een Auto bannent Sekonne riicht op en duer fiert."