Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Exit-Strategie: gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun

Coronavirus

Exit-Strategie: gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun

Genee ee Mount, nodeem d'Regierung de 15. Mäerz Ausgangs-Limitatioune fir d'Populatioun a weider Mesurë wéinst der Corona-Pandemie decidéiert hat, goufe gëschter d'Pläng fir eng Exit-Strategie presentéiert. Datt d'Regierung elo eng Exit-Strategie aus de Krise-Moossname virgestallt huet, wier dee richtege Wee, esou d'Vertrieder vun der Oppositioun an der Chamber. Zum Deel gi sech awer nach Froe gestallt.

auto_stories

3 min

Der Regierung hir Pläng fir d'Exit-Strategie wieren de richtege Wee fir d'Suitte vum Krise-Management, esou d'CSV-Fraktiounscheffin. D'Exit-Strategie dierft keen Exit aus der Virsiicht sinn, ënnersträicht d'Martine Hansen. "[...] an dofir een Exit a Stufen ass schonn am Moment richteg, well mer weder e Medikament nach een Impfstoff hunn. A mir mussen do och flexibel bleiwe bei der Exit-Strategie.

Déi éischt Prioritéit misst weider d'Gesondheet vun der Populatioun sinn, sou d'CSV-Fraktiounspresidentin. Parallel dozou misst ee kucken, datt eis Wirtschaft erëm un d'Rulle kënnt. An dofir begréissen ech och, datt e Méindeg ënner anerem de Bau opgeet.

Et wier richteg, datt d'Regierung zu dësem Zäitpunkt vun enger Exit-Strategie schwätzt, fir d'Leit lues a lues op eng gewëssen Normalitéit anzeschwieren, seet den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

"Wat awer ganz kloer ass, ass datt déi Strategie sech all Dag, all Woch, bei all Decisioun sech un den Zuele muss moossen, ob et sécher ass fir déi nächst Etapp ze entaméieren. Mir sollten eis nach net a Sécherheet fillen. Dat hei ass den éischte Schrëtt an d'Normalitéit. Mee d'Normalitéit wäert nach ganz laang op sech waarde loossen."

Iergendwéini misst eng Exit-Strategie ufänken, analyséiert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, och wa villes zu dësem Moment nach net bekannt wier.

Vill Leit hätten entweder de Congé pour raisons familiales oder de Chômage partiel kënnen hunn, déi Congéë wieren awer net kumulativ. "Wann dat also net gutt openeen ofgestëmmt ass, da riskéieren d'Leit vläicht - wann dat net reglementaresch begleet ass - no enger gewësser Zäit näischt ze hunn", esou den ADR-Deputéierten.

Schutzmasken an der Schoul?

Och den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum stellt sech d'Fro, ob d'Etappe vun der geplangter Exit-Strategie richteg sinn. Hie mécht sech zum Beispill Suergen, datt d'Grondschoulen eréischt de 25. Mee erëm sollen opmaachen. Ëmmerhin hätt déi ëffentlech Schoul de Kontakt mat 15 Prozent vun de Schüler verluer.

Fir d'CSV-Fraktioun wier nach net kloer, ob an de Schoulen - wa se erëm opginn, wäerte Schutzmaske musse gedroe ginn. Generell géif een awer déi kloer Ausso vun der Regierung a Saache Mondschutz begréissen, esou d'Martine Hansen. "An et ass och gutt, datt d'Regierung hir Positioun awer e bësse geännert huet."

Konfusiounen iwwer Masken

Den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement stellt sech d'Fro, wat e Start-Kit vum Staat mat nëmme fënnef Maske fir all Bierger a a fir all Beschäftegte soll bedeiten. "Mir schwätzen hei dovun, datt mir de Leit eng gewëssen Autonomie vu soe mer mol 15 Stonne vum Staat aus ginn, an duerno awer och de Leit soen, Dir musst dës Masken oder een anere Mondschutz hunn, soss kënnt Dir un deem beschränkten ëffentleche Liewen dat et gëtt, net deelhuelen."

Firwat gëtt de Mondschutz eréischt elo a gewësse Situatiounen obligatoresch, dat freet sech iwwerdeems de Marc Baum vun déi Lénk. Hie gesäit do e Widdersproch an der Kommunikatioun vun der Regierung, déi um Ufank vun der Kris gesot hätt, datt Masken net géifen hëllefen, an elo d'Droe vun engem Mundschutz als obligatoresch géif festleeën.

Oppositioun zitt ënnerschiddlech Bilanen

De Fernand Kartheiser vun der ADR stellt fest, datt ee "just op e puer Plazen, wéi Supermarchéen, wou een an Zukunft soll e Mondschutz unhunn. Wéi effikass dat ass, dat muss e gesinn. Mee et ass net dat, wat eis rett."

Wat den Tëschebilan vun der Regierung hirem Krisemanagement ugeet, schwätzt de Fernand Kartheiser och vun enger Rei vun Illusiounen a vun engem deelweis Pilotage à vue. De Marc Baum lueft eng ganz proaktiv Regierungsaarbecht um sanitären Niveau. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob d'Regierung ëmmer mat enger Stëmm géif schwätzen, esou de Sven Clement. An d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen seet, et wier elo nach net d'Zäit fir e Bilan vun der Regierungsaarbecht an dëser Kris ze zéien.