Radioen

On air

Notturno  |  Peter Tosh - Johnny B. Goode

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Experiment fir d'Demokratie ze retten"?

Bürgerrat an der däitschsproocheger Belsch

"Experiment fir d'Demokratie ze retten"?

Et wier en "Experiment fir d'Demokratie ze retten" huet d'Süddeutsche Zeitung virun engem Mount iwwer eng Experienz geschriwwen, déi dee Moment an Ostbelgien an der däitschsproocheger Communautéit vun eisem Nopeschland ugelaf ass. 24 Fraen a Männer, déi per Lous designéiert gi waren, sinn dee Moment fir eng éischt Sëtzung vum neigeschafene "Bürgerrat" zesummekomm.

auto_stories

3 min

De Ministerpresident vun der "deutschsprachigen Gemeinschaft" Oliver Paasch erkläert, datt d'Bierger an d'Biergerinnen hir Theme selwer dierften auswielen, a si kéinten och selwer Recommendatioune maachen. Iwwer d'Selbstverflichtung vun der Politik géif aus dësen Empfehlungen dann och tatsächlech eng Entscheedung vum Parlament, oder souguer vun der Regierung.

"Das besondere an diesem Prozess ist, dass wir solche Bürgerversammlungen nicht nur zu einzelnen punktuellen Themen organisieren, die die Politik selbst bestimmt, sondern dass der Bürgerrat ein dauerhaftes Organ, eine zweite Kammer unseres Parlamentes wird, die selbst entscheidet, über was sie diskutéieren und entscheiden will."

"Es ist ja nicht die Schuld Luxemburgs, dass Luxemburg so attraktiv ist."

Trotz allen Efforten an der Formatioun, gëtt et am däitsch-sproochegen Deel vun der Belsch e grousse Manktem u Personal a ville Beräicher. Privatbetriber an och d'ëffentlech Hand géife verzweiwelt no Leit sichen, sou den Oliver Paasch, de Ministerpresident vun der Deutschsprachigen Gemeinschaft an der Belsch.

Lëtzebuerg ass net onschëlleg un der Penurie vun Aarbechtskraaft. Vill méiglech Salariéen aus dem Oste vun der Belsch géifen zu Lëtzebuerg schaffen, aus novollzéibare steierrechtleche Grënn a virun allem och, well de Standuert Lëtzebuerg immens attraktiv ass. Et misst een awer och umierken, datt déi sozio-ekonomesch Situatioun an der Ostbelsch net sou gutt wier, wann et Lëtzebuerg net géif ginn, dat mat senger Wirtschaftskraaft Aarbechtsplazen a wirtschaftleche Wuesstum unzitt, sou den Oliver Paasch.

"Und wir leben in dieser etwas widersprüchlichen Situation, kommen damit aber ganz gut zurecht. Es ist ja nicht die Schuld Luxemburgs, dass Luxemburg so attraktiv ist."

Verwuerzelt an der Heemescht awer oppe fir eng grenziwwerschreidend europäesch Integratioun

Déi belsch Staatsvisite ass eriwwer. Dräi Deeg war d'Kinnekskoppel aus eisem Nopeschland zu Lëtzebuerg. Si war net eleng heihinner komm. Zu der Delegatioun hunn och Vertrieder vun de verschiddene politeschen Instanze gehéiert. Zum Beispill den Oliver Paasch, de Ministerpresident vun der Däitschsproocheger Gemeinschaft. Déi klengst vun den dräi Sprooche-Communautéite feiert d'nächst Joer hir 100 Joer.

Et wier een immens dankbar fir den ausseruerdentleche Statut, deen d'Belsch senger Communautéit zougestanen hätt. Et géif een zu de beschtgeschützte Minoritéite vun der Welt gehéieren an et géif een dee Statut gären oprecht erhalen an e gläichberechtegte gesetzgeberesche Partner an der Belsch sinn. Fir d'Zukunft géif hien hoffen, datt d'Mënschen an der Ostbelsch sech nees méi mat hirer Heemescht identifizéieren. Hien hofft och, datt déi demokratesch Prozesser an Zukunft méi wäerte gestäerkt ginn, an datt een net iergendwann an extremistesch Tendenze géif "ofdriften", och wann hien dat souwisou fir onwahrscheinlech hält.

Fir hie wier et an Zukunft entscheedend, datt déi däitschsproocheg Gemeinschaft sech op där enger Säit déif mat hirer Heemecht verwuerzelt géif fillen, an anerersäits oppe géif bleiwe fir eng grenziwwerschreidend europäesch Integratioun.

Dës Zort vu Verwaltung huet Vir- an Nodeeler

De leschte 26. Mee waren an der Belsch, nieft den Europawahlen, och nach Federal- a Regionalwahlen. Während sech um federalen Niveau och no bal fënnef Méint nach keng Koalitioun fonnt huet, stinn d'Regierungen um regionalen Niveau. Déi éischt, déi ugetrueden ass (schonn am Juni) war déi vun der däitschsproocheger Gemeinschaft. Där hire Ministerpresident Oliver Paasch erkläert, wat et fir d'Regioune bedeit, datt et am Moment keng national Regierung gëtt.

"Die Gemeinschaften und Regionen sind, auf der Grundlage der belgischen Verfassung, in der Lage, ihre Zuständigkeiten ohne Zustimmung der Föderalregierung auszuüben. Insofern ist das auf dieser Ebene kein Problem. Aber natürlich bedingt der allgemeine Rahmen, der durch eine föderale Regierung gesetzt wird, die Tätigkeiten aller in Belgien. Das gilt ganz besonders natürlich für die finanziellen Rahmebedingungen."