Den Expertegrupp recommandéiert keng Impfflicht fir d'Personal vu Klinicken a vun Alters- a Fleegeheemer. Et géif een dat mat "schwéierem Häerz" a mat "Bauchwéi" maachen, esou den Dr. Claude P. Muller.
Den Impakt vun der Impfflicht op d'Infektiounsgefor an op d'Iwwerdroung net grouss genuch wier.
D'Experte formuléieren eng Rei Recommandatioun: nieft sanitäre Mesuren, déi un déi epidemiologesch Situatioun adaptéiert misst ginn, sollt mam Personal een "Entretien d'information" stattfannen.
Hei soll deene Leit, déi sech géint eng Impfung entscheeden, bewosst gemaach ginn, datt si a Kaf huelen, vulnerabel Leit unzestiechen. Dësen Entretien soll och "wierklech dokumentéiert an ënnerschriwwe" ginn, huet et op der Pressekonferenz geheescht.
Personal a Klicken an Alters- a Fleegeheemer: Impfstatus weisen
Mëttelfristeg wier aus der Siicht vum Experterot zudeem eng Reglementatioun, respektiv Legislatioun zum Statut vaccinal am Gesondheets- a Fleegesecteur néideg.
Den Dr. Gérard Schockmel preziséiert, datt dat net nëmme Covid-19 betrëfft: den Impfstatus géint all Infektiounskrankheeten, déi vu Mënsch zu Mënsch iwwerdroe kënne ginn, misste "reglementéiert a verlaangt", wann een an engem Spidol, Alters- oder Fleegeheem schaffe wëllt goen.
Aus Transparenzgrënn misst et eng Obligatioun gi fir säin Impfstatus ze weisen. Am 70 Säite laangen Avis zur Impfflicht begrënne si:
"Il est inacceptable que le droit au secret médical d'une minorité du personnel du Secteur soit placé au-dessus du droit à l'intégrité physique des personnes vulnérables qui leur sont confiés."