Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EZB: "Musse Vertrauen zeréckgewannen"

20 Joer Europäesch Zentralbank

EZB: "Musse Vertrauen zeréckgewannen"

Fir hiren 20. Gebuertsdag hat d'Europäesch Zentralbank de leschte Méindeg ronn 30 Journalisten aus den Eurozon-Länner an hiren Haaptquartéier zu Frankfurt invitéiert. Mir haten do och d'Geleeënheet mat sougenannte Pioneer Employéen ze schwätzen, déi zanter dem Ufank vun der Bank, am Joer 1998, do schaffen.

auto_stories

6 min

Wéi e Monolith, deen um Stanley Kubrick säi Film "2001 A Space Odyssey" erënnert, dominéiert deen 185-Meter-héijen Tuerm vum EZB Haaptquartéier d'Skyline vu Frankfurt. 2015 ass d'Europäesch Zentralbank heihinner geplënnert. Dat war deemools vu Protester mat Gewalt begleet. Vermummten Demonstranten hu Steng geworf, Autoen ugefaangen a randaléiert.

Mir goufe relativ einfach eragelooss - d'Sécherheetskontroll war wéi op engem Fluchhafen. Eng 30 Journalisten aus den Eurozon Länner waren op Invitatioun vun der Bank fir e Seminaire am Kader vun der EZB hirem 20 Gebuertsdag an déi däitsch Finanzmetropol ugereest.

Op de Seminärssëtzunge krute mir ënner anerem en detailléierte Resumé iwwert d'Kris an déi deels ëmstridde geldpolitesch Mesuren, déi d'EZB ageféiert huet, fir den Euro ze retten. Dat war intressant. Mee "strictly off the record". Mir hunn do näischt dierfe mam Mikro ophuelen, a kee vun de Seminairesspriecher mam Numm a mat präzisen Aussoen zitéieren.

Mëttes hu mir dunn awer dierfen Interviewe maachen. Eng éischte Kéier iwwerhaapt mat sougenannte "Pioneers" - en Terme, deen d'EZB fir Employéë gebraucht, déi vun Ufank un, also zanter der Grënnung vun der Bank am Joer 1998, do schaffen.

EZB-Gebai: Transparent Institutioun oder Festung?

Bal 3.000 Leit schaffen haut fir d'EZB. Um Site vun der fréierer "Großmarkthalle", wou vu 1928 bis 2004 nach Uebst a Geméis verkaf gouf. Deen neie Site vun der EZB ass net méi am Zentrum, mee am Oste vun der Stad. An en ass och net méi fräi zougänglech.

Ganz ronderëm gouf e grousst Gelänner opgeriicht, zum Deel mat Betonsplacken. D'EZB géif éischter enger Festung gläichen, wéi enger transparenter, biergernoer europäescher Institutioun, soe Kritiker. Dobäi wëllt d'Europäesch Zentralbank, grad an hirem 20. Gebuertsdaagsjoer, méi wéi jee Transparenz, Oppenheet a Proximitéit zu e Bierger verkierperen, seet de Gabriel Glöckler, Haaptconseiller an der Generaldirektioun fir d'Kommunikatioun. Et wier wichteg, datt een de Mënschen erkläert, wat wat eng Zentralbank mécht a wat d'EZB konkret mécht.

Aufgabe vun der Europäescher Zentralbank

Déi wichtegst Aufgab vun der EZB ass et, d'Stabilitéit vum Euro a vun de Präisser an der Eurozon ze garantéieren, an d'Inflatioun no bei zwee Prozent ze halen. Virun 20 Joer, wéi d'Euorzon eelef Memberlänner hat, war dat manner schwéier ewéi haut, mat 19 Memberen. An den éischte Jore gouf et och nach eng gewëssen Euphorie. 1999, wéi den Euro als gemeinsam Wärung ageféiert gouf, an 2002, wou och d'Leit déi nei Euromënzen a Schäiner am Alldag konnte gebrauchen.

Et wier immens vill Intressi bäi de Bierger do gewiescht. D'Leit hätte sech vill Froe gestallt; ënner anerem wéi d'Mënzen ausgesi wäerten, a wéi d'Schäiner. D'Bierger, déi nach iergendwou franséisch Frange fanne géifen, hätte sech gefrot, ob si dës Suen och an zéng Joer nach kéinten ëmtauschen, erënnert sech d'Angelika Jakob, eng vun de "Pioneer"-Employéen.

Kris: "Whatever it takes"

Mee d'"Freude Schöner Götterfunken", wéi an der Europa-Hymn gesonge gëtt, huet net laang gedauert. 2007-2008 huet d'Sub-prime Immobiliëkris an den USA eng weltwäit Banken-a Finanzkris ausgeléist. Systemesch a faul Banke hu mat Steiersuen a Finanzsprëtze misste gerett ginn.

D'Europäesch Zentralbank stoung virun hirem éischte groussen Test, an huet gehofft, datt et séier nees géif biergop goen, seet d'Conception-Maria Alonso. Et wier een deemols dovun ausgaangen, datt et héchstens e puer Wochen oder Méint dauere géif.

Mee während d'Anti-Krisë-Mesurë vun der amerikanescher Federal Reserve relativ séier eng Relance vun der Wirtschaft an de USA bewierkt hunn, krut Europa direkt nach e Coup, mat der Euro Scholdekris. D'EZB huet nach méi radikal Mesuren ergraff: "Mir wäerten alles maachen, fir den Euro an d'Eurozon ze retten", sot den EZB President Mario Draghi 2012 a senger berühmter "Whatever it Takes" Ried. Mat onkonventionellen, a bis haut deels ëmstridden, geldpolitesche Mesuren, dorënner Null- an negativen Zënsen, an d'Opkafen, all Mount, vu Staatsobligatiounen a Milliardenhéischt, huet d'EZB versicht, de Konsum, d'Investissementer an d'Ekonomie an der Eurozon nees unzekuerbelen.

Differenz tëscht Statistik an erliewtener Realitéit

Statistesch gesinn, schéngen déi Mesuren, no zéng Joer Kris, gewierkt ze hunn. Mat enger ekonomescher Reprise an der Eurozon, déi d'EZB als robust bewäert. Hiren Opkafprogramm vu Staatspbligatioune gouf schonn op 30 Milliarde reduzéiert. An erwaart gëtt, no laanger Zäit, och elo geschwë nees en Hausse vum europäesche Leetzëns, deen nach ëmmer bei Null läit. Do muss d'EZB awer virsiichteg sinn, well vill Leit, wéinst den niddregen Zënsen, Kreditter opgeholl hunn - zum Beispill fir eng Wunneng ze kafen - a sech héich verschëllt hunn. Wann d'Zënsen nees eropginn, riskéieren der vill, ënner Drock ze geroden.

Dee makroekonomeschen Opschwong ass och, bei ville Leit, nach net ukomm, seet de Ramón Gómez-Salvador, ee vun de Pioneer-Ekonomiste bei der EZB. An de makroekonomeschen Zuele géif een Optimismus gesinn. Deen optimismus misst just nach bei de Leit ukommen. Hie wier sech bewosst, datt dat nach eng Zäit dauere kéint, seet de Ramón Gómez-Salvador.

Vill Leit hätten den Androck, datt massiv Ressource gebraucht goufen, fir de Finanz-System ze retten, deen essentiell wier wier datt d'Ekonomie fonctionnéiert. "Ma si selwer hunn nach ëmmer net vill an hiren Täschen. Et ass immens schwéier dann dat Positiivt ze gesinn, wann ee selwer an enger schwiereger Situatioun ass, an zum Beispill keng Aarbecht huet", sou de Ramón Gómez-Salvador.

Datt d'Schéier tëscht Aarm a Räich och an Europa weider auserneegoung wier effektiv eng Tatsaach, sou nach dee spueneschen Ekonomist. Hie gesäit d'Responsabilitéit dofir awer éischter bei den nationalen Autoritéiten. D'EZB, an déi aner Zentralbanken, hätten net d'Outilen, fir géint d'Inegalitéite virzegoen.

EZB muss Vertrauen zeréckgewannen

An Zäite vu Brexit, Donald Trump an der Verbreedung vu systemkriteschem Rietspopulismus an Europa, ass et fir d'EZB, als europäesch Institutioun, haut, méi wéi jee, eng Prioritéit, Vertrauen zeréck ze gewannen, betount de Gabriel Glöckler. D'Leit hätte relativ vill Vertrauen an den Euro, d'Vertrauen an d'Europäesch Zentralbank wier während der Kris awer erof gaangen. Dësen Zoustand wéilt een elo verbesseren.

Eng wichteg Roll spillt dobäi der EZB hir Kommunikatioun mat de Finanzmäert a Journalisten, déi sou gesteiert a kontrolléiert gëtt, bei den Zënsukënnegungen zum Beispill, dass d'Mäert net ze vill op an of ginn. Haut wier een awer och op de soziale Medie vertrueden, seet d'Iris Mayer, déi zanter zwee Joerzéngten an der Kommunikatioun bei der EZB schafft. "Mir kënnen haut eis eege Filmer maachen, an eis eege Noriichte verfilmen. Ee Beispill dofir ass eist neit Fomat: "Ask Draghi", wou jonk Leit dem EZB-President Mario Draghi Froe stelle kënnen."

Eng Fro, déi mir Journaliste bei der Visite zu Frankfurt ëmmer nees gestallt hunn, war déi, a wéi wäit d'Kris an der Eurozon iwwerwonnen ass. Hie wéilt sech net festleeën, ob d'Kris eriwwer ass, fir hie wier et awer Fakt, datt d'Eurozon, als Vollekswirtschaft haut méi zolitt opgestallt ass, wéi nach virun zéng Joer, seet de Gabriel Glöckler.

Italien: Nächst Euro Kris?

Bei der Nofro, ob mat Italien, an enger eventueller euroskeptescher Koalitioun an där drëttgréisster europäescher Wirtschaft, net vläicht schonn déi nächst Euro Kris virun der Dier steet, huet den EZB Kommunikatiouns-Manager d'Hänn virun de Mikro gehalen.

Nee, doriwwer géif hien elo léiwer näischt soen.