Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Echo - Fire Burning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wie kontrolléiert wien?

Dateschutz

Wie kontrolléiert wien?

D'Auditioun vum Facebook-Chef Mark Zuckerberg am Europaparlament ass elo awer ëffentlech. Wochelaang gouf ëm d'Modalitéite vun der Unhéierung gestridden. Dat weist, datt Transparenz keen neutraalt Ideal, mee ee Muechtinstrument ass.

auto_stories

2 min

Privatssphär ass am digitalen Zäitalter keng sozial Norm méi, sot de Mark Zuckerberg virun e puer Joer. Selbstverständlech, ëmmerhin mécht de Mann seng Suen domadder, datt Milliarde Facebook-Notzer op de Schutz vun hirer Privatssphär verzichten.

D'Enn vun der Privatssphär?

Mee datt komplett Transparenz wierklech dem neien Zäitgeescht entsprécht, huet de Mark Zuckerberg natierlech selwer ni wierklech gegleeft. Wéi hie virun e puer Wochen am US-Kongress gefrot gouf, ob hie géif oppe leeën u wien hien dëslescht Textmessagë geschéckt hätt, oder a wéi engem Hotel hien zu Washington géif iwwernuechten, war d'Äntwert vum jonken Entrepreneur kloer: Neen, dat wéilt hien net verroden.

D'Dateschutzdebatt allgemeng an déi rezent Polemik ëm de Mëssbrauch vu Facebook-Donnéeën méi spezifesch weisen: D'Fro vun der Transparenz gehéiert net der Vergaangenheet un, mee si gëtt mat der Digitaliséierung méi akut ewéi jee.

Transparenz als politeschen Enjeu

An och an der politescher Arena bleift d'Transparenz een Enjeu: Sinn et d'Bierger, déi Géigeniwwer dem Staat oder den Entreprisen mussen transparent sinn? Oder sinn et déi Mächteg, deenen hir Praktike enger ëffentlecher an demokratescher Kontroll ënnerzu ginn?

De Mark Zuckerberg huet sech dogéint gewiert, fir vum Europaparlament an enger ëffentlecher Sëtzung gehéiert ze ginn. Vläicht fäert hien, datt d'Europadeputéiert him kritesch Froe stellen - anescht wéi hir Kollegen am US-Kongress.

Kontroll oder Complaisance?

Déi zwou Auditiounen zu Washington waren ëffentlech, awer - vläicht genau dowéinst - harmlos. Der Majoritéit vun de Politiker goung et offensichtlech net drëms Facebook virun der Weltëffentlechkeet blouss ze stellen. Am Géigendeel. Si hu kloer gemaach, datt si houfreg sinn op de Succès vum sozialen Netzwierk. Dem Geschäftsmodell vu Facebook wëll een op kee Fall mat ze strenge Regele schueden. Vill Froe waren deemno naiv, an deels souguer complaisant. A vill Politiker hunn d'Geleeënheet genotzt, fir sech selwer an Zeen ze setzen.

Dee Risiko besteet och, wann d'Europaparlament de Mark Zuckerberg héiert. Gläichzäiteg erlaabt d'Live-Iwwerdroung vum Event natierlech den EU-Bierger sech "en direct" ee Bild dovunner ze maachen, ob déi europäesch Volleksvertrieder hir Aarbecht gutt maachen. Am Idealfall zwéngt d'Europaparlament Facebook dozou am Detail Rechenschaft ofzeleeën, wéi een Accès Drëtter zu den Notzer-Donnéeë hunn an haten. A vläicht déngt d'Transparenz vun der Auditioun derzou, datt méi Facebook-Notzer sech wieren an den US-Konzern mat Konsequenze muss rechnen.


Link: De Livestream vun der Auditioun den 22. Mee 2018 um 18h30 kann een hei kucken.