Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sonat fir Piano Nr.1 an Do Majeur, K279, I. Allegro - Jean Muller (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fake News an déi real Konsequenzen

Mediechronik

Fake News an déi real Konsequenzen

E Mann an den USA gouf d'lescht Woch festgeholl, nodeems hien d'Employéë vum Noriichtesender CNN soll gewarnt hunn, hie wéilt si ëmbréngen. An Uriff Ufank Januar un de CNN-Sëtz zu Atlanta. soll hie gesot hunn: "Fake News, ech komme fir iech all z'erschéissen." Fake News, deen Terme deen den US-President Donald Trump benotzt fir Noriichten ze beschreiwen déi him net gefalen.

auto_stories

3 min

Philippe Crowhter

Mir ginn all vum Donald Trump ugegraff wa mir iwwert Noriichte schwätzen déi him net gefalen. Fake News, dat ass fir den US-President zum Beispill alles wat mat der Russland-Enquête ze dinn huet. All Indikatiounen, datt et vläicht Zesummenaarbecht gouf tëscht Russland an der Trump-Wahlequipe ass eng Hexejuegd géint de President, an och Fake News. Dat ass de Point de vue vum Wäissen Haus. Si hunn natierlech Onrecht.

Falschen Emploi vum Terme "Fake News"

De President a seng Equipe am Wäissen Haus benotzen eng Expressioun déi eppes ganz Aneschtes beschreift: Noriichten, sieft et an Artikelen op Facebook, an engem Tweet, oder an enger Emissioun op engem Noriichte-Sender, déi falsch sinn an erfonnt goufen. Déi Zort Noriichten, déi während der Wahl-Campagne an den USA, mä och an anere Wahlen an Europa vu russesche Konten op Facebook oder Twitter verbreet goufen.

Während der Transitioun tëscht dem Wahlkampf an der Presidence vum Donald Trump huet hie fir d'éischte Kéier de Noriichten-Sender CNN als Fake News beschriwwen an ugegraff.

Zenter deem Dag haasst de President de Noriichtesender genee esou vill wéi hie Fox News gär huet. Oft mécht den Trump Reklamm fir seng Lieblings-Sendung a sengen Tweets. Déi Sendung heescht Fox and Friends. Si leeft moies frei a gëtt vu villen Trump-Supporter gekuckt. Vun Experte gëtt Fox News dacks als Staats-Fernseh beschriwwen.

Donald Trump encouragéiert Attacke géint Medien

Den Donald Trump seet hie géif net vill Fernseh kucken. Mä dat ass och falsch. Zum Beispill huet hien de "Shutdown" vum Gouvernement och um Fernseh verfollegt. De President wëllt ëmmer wëssen, wéi hie beschriwwe gëtt. Nom Schluss vum "Shutdown" gesäit den Trump sech als Gewënner. An dat gouf senger Meenung no op CNN bestätegt.

An enger Live-Schaltung sot den Jim Acosta, Korrespondent vu CNN, datt senge Sourcen no am Wäissen Haus gefeiert gouf, an datt engem Offiziellen no d'Demokraten d'Verléierer waren.

Dat huet de President gefreet. Op Twitter huet hien den Acosta als verréckt beschriwwen.

An esou enger Atmosphär, an där d'Press als Staatsgéigner vum President erkläert gouf, ass et net iwwerraschend, datt d'Medie vun Trump-Supporter op mannst verbal ugegraff ginn. Dat gesinn ech dacks bei Evenementer vum Donald Trump.

Méi seriö ass et, wann eng Persoun bei CNN urifft a seet si wéilt d'Employéë vum Noriichtesender ëmbréngen. An esou engem Fall wier et gutt, wann de President selwer en Opruff fir e bësse Rou a Respekt géing maachen. Mä säi Kampf géint d'Medien ass en Deel vu sengem Image a gëtt vu senge Supporter ouni Problem opgegraff.