Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FALTER-Chefredakter warnt virun Drock vu Rietspopulisten

Éisträich

FALTER-Chefredakter warnt virun Drock vu Rietspopulisten

An Éisterräich komme rëm méi Flüchtlingen un. Nodeem alleng de läschte Weekend eng 15.000 Leit iwwert d’Grenz mat Ungarn komm sinn, goufen an de läschte Stonne weider 11.000 Migrante gezielt. Wéinst de ville Flüchtlinge fuere keng Zich méi tëschent béide Staaten. Um Freideg huet Éisterräich donieft den Autostrafic um Grenziwwergank vun Nickelsdorf gestoppt.

auto_stories

3 min

Florian Klenk, Chefredakter vum FALTER. Foto: Heribert Corn

An dëser Flüchtlingskris géif Eisterräich quasi dat selwecht maache, wéi Griicheland. Dat ass d’Analyse vum Florian Klenk, dem Chefredakter vun der lénks-liberaler éisterräichescher Wochenzeitung FALTER.

D’Flüchtlinge géifen duerchgewénkt ginn. Si géifen an Zich zu Wien ukommen, wou si eppes z’iesse kréien a medezinesch versuergt ginn. Si wéilten awer sou séier wéi méiglech an een Zuch a Richtung Salzburg oder Münche kommen. Aus humanitäre Grënn, mee och well d’Land komplett iwwerfuerdert ass, hat Eisterräich opgehal, d’Identitéiten op der ungarescher Grenz ze préiwen, sou wéi et eigentlech misst gemaach ginn. Dat géif vun der éisterräichescher Populatioun allerdéngs majoritär akzeptéiert ginn.

Wéineg Asyl-Demanden an Éisterräich

Ee ganz groussen Deel vun de Flüchtlinge mécht keng Asyl-Demande an Éisterräich. Ee vun de Grënn dofir gesäit de Florian Klenk am Message vun der däitscher Kanzlerin Angela Merkel, dass Däitschland keng Flüchtlinge géif an Ungarn zeréckschécken. An Éisterräich wär dat par contre nach de Fall. Et hätt awer och mat soziale Reseauen ze doen: vill Bekannter vu Leit, déi op der Flucht sinn, wäre schonn an Däitschland. Vill Flüchtlinge géifen och weider a skandinavesch Länner reesen.

Am Kontext vum Lager vun Traiskirchen an Éisterräich, dat duerch katastrofal Zoustänn vill Flüchtlingen ofgeschreckt huet, schwätzt de Florian Klenk vu Missmanagement a vun engem Mangel u politeschem Wëllen. Virun allem vill éisterräichesch Provënz-Gemengen hätte sech queesch gestallt.

Fair Verdeelung vu Flüchtlingen an Europa

Ee Grond, firwat Eisterräich decidéiert hat, fir d’Grenz mat Ungarn opzemaachen, wier d’Tragédie Enn August, mat 71 doudege Flüchtligen an engem Camion, déi Éisterräich schockéiert hätt. Och de Foussmarsch vun dausende vu Refiugéë vu Budapest op Wien, huet dem Journalist senger Meenung no dozou bäigedroen. Doduerch wär den Undrang awer net méi kleng ginn. Am Géigendeel géifen ëmmer méi Leit kommen, an iergendwann misst Éisterräich d’Grenzen nees zou maachen. Alles géif no engem europäesche Quotesystem jäitzen, esou de Chefredakter vun der Wochenzeitung FALTER.

Wann d’Europäesch Unioun dës Leit net fair ënnert de Member-Staaten opdeelt, da géifen z.B. déi däitsch oder déi éisterräichesch Regierunge riskéiere, méi staark ënnert den Drock vun de Rietspopulisten ze geroden, esou de Florian Klenk. Spannend wier d’Fro, ob a wéi déi rietspopulistesch FPÖ probéiert, politescht Kapital aus der aktueller Krise ze schloen. Den nächste Mount ginn zu Wien een neie Landtag an een neie Gemengerot gewielt.


Audio:
Bäitrag vum Serge Kesseler vum 11. September 2015:


ee kompletten Interview Interview mam Florian Klenk:

Link: De Site vum FALTER