Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Faut vraiment vous faire un dessin?"

Fräie Mikro

"Faut vraiment vous faire un dessin?"

Esou titelt déi franséisch Satirezeitung Charlie Hebdo am Bezuch op den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. Eigentlech eng rhetoresch Fro, mengt d'Anne Heniqui. Alles wier besser, wéi eng Presidentin vum rietsradikale Front National. An awer wier et net gewonne fir e Sonndeg.

auto_stories

4 min

Muss een iech wierklech nach e Bild molen? Eigentlech eng rhetoresch Fro, déi di satiresch franséisch Zeitung Charlie Hebdo stellt. Dat méi wéi zwee Joer nodeems d'hallef Welt "Je suis Charlie" als Bekenntnis géint den Terror a fir Valeure wéi Demokratie a Fräiheet op der Broscht stoen hat.

De Message vun der Fro misst eigentlech kloer sinn: Alles ass besser, wéi eng Presidentin vun der rietsradikaler Partei Front National. Bleift also nach de Kandidat vun En Marche!, den Emmanuel Macron.

Réckbléck op d'Wahljoer 2002

An awer ass et net gewonnen fir e Sonndeg. Den Opruff fir de "Vote utile", dee Vote, deen een net aus Pleséier mécht, mä fir Schlëmmeres ze verhënneren, ass dës Kéier nëmme schwaach ze héieren a Frankräich.

Et erënnert ee sech un 2002, dee Sonndeg wou der Marine Le Pen hire Papp, de Jean-Marie Le Pen, ellen no un d'Muecht komm war. Hien an den deemolege "président sortant", de Jacques Chirac, waren an den zweeten Tour komm. Zu enger Zäit wou d'Fransouse schonn e bëssen d'Nues voll hate vun deem franséische Wahlmodell, wou um Enn ëmmer déi Konservativ an d'Sozialisten iwwreg bleiwen.

"Neie blénkegen Ustrach"

Mä deen éischten Tour hat deemools d'Gemidder waakreg gerëselt. Grouss Demonstratioune goufen ofgehalen an d'Wieler goufe massiv mobiliséiert, fir der rietsextremer Partei an hiren aggressive Leader de Wee ze verspären.
An der Tëschenzäit hunn d'Leit sech u brutal Rieden a graff Lige gewinnt. D'USA hunn eis et virgemaach.

Den Terrain ass preparéiert fir eng Charme-Offensiv vun der plattster Zort. De Front National huet dem Jean-Marie Le Pen seng Duechter un d'Front geschéckt, wat deem Ganzen en neie blénkegen Ustrach ginn huet. An d'Rechnung ass quasi opgaangen, well dës Kéier sinn der net vill erféiert vun deem Resultat. Et fält op, datt sech, am Géigesaz zu 2002, net schrecklech vill Politiker kloer genuch fir de "Vote utile" ausschwätzen.

Esou huet den Drëttgewielte ganz lénke Politiker Jean-Luc Mélenchon et grandios verpasst, fir senge Wieler un d'Häerz ze leeën, si solle fir de Macron stëmmen. Alles wat hien ze soen hat war, datt hie senge Wieler keng Uweisung géing ginn. Hie selwer géing awer net fir de Front National stëmmen.

Risiko, de Wee fir den FN fräi ze maachen

Mam Resultat, datt vill vu sengen Unhänger d'Abstentioun elo als dee richtegen Ausdrock fir d'France Insoumise gesinn. An domat indirekt riskéieren, d'Wo a Richtung Front National ze drécken.

En anert Beispill: knapps no der Wiel seet d'Rachida Dati um Mikro vu France Info, si wier net iwwerzeegt vum Emmanuel Macron. Si war Justizministerin ënnert dem President Nicolas Sarkozy. Déi Ausso virum éischten Tour: OK. Mä net, wa just nach de Front National zur Auswiel steet. Dat war just nodeems den Emmanuel Macron zu Sarcelles war. Eng Géigend vun der Banlieue vu Paräis, wou vill Immigréierter aus dem Maghreb wunnen. De Kandidat vun En Marche! hat do an enger Ried gesot, datt den FN si géing ausweisen, wann en un d'Muecht kéim. Oh, seet dunn d'Rachida Dati an de Mikro, hie soll oppassen, wat hien do géing soen.

Verschidde Moossinstrumenter

Erënnere mer drun, datt déi rietsextrem Partei elo rezent en neie President un d'Spëtzt gesat huet, dee wéinst rassistescher Diffamatioun viru Geriicht stoe wäert. Eigentlech nach harmlos vis-à-vis vun de Beschëllegungen, fir déi d’Marine Le Pen sech geschwënn am Geriichtssall ze veräntwerten huet.

D'Moossinstrumenter sinn net fir all Politiker d'selwecht. Dat erlieft een ëmmer erëm op flagrant Aart a Weis. De François Fillon ass zu Recht net gewielt ginn, well hien ënner Verdacht steet, net onkeeflech ze sinn. Den Emmanuel Macron kritt virgehäit e bëssen ze vill oppe Fiesta gemaach ze hunn nom éischten Tour an zack!, kritt seng Rivalin erëm Opwand. Dat obwuel si keng Ahnung huet, wéi een "décence" iwwerhaapt schreift.

Et bleiwe nach e puer Deeg bis den zweeten Tour vun de Wahlen a Frankräich. Vläicht komme mer nach zu engem Ralliement vun den Unhänger fir de Vote utile. Mä ob e massiv genuch wäert sinn, steet nach op.