Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feelt eis d'Fräiheet nach?

Fräie Mikro

Feelt eis d'Fräiheet nach?

Iwwer ee Joer laang si Grondfräiheeten duerch d'Bekämpfung vun der Pandemie ageschränkt. Wärend eng Minoritéit dat als den Ufank vun Diktatur a Faschismus mëssversteet, schéngt eng Majoritéit sech mat de Verhältnisser ze arrangéieren. Anerer fannen esou guer, et kéint ee plazeweis nach eng Schëpp drop leeën. E Fräie Mikro vum Frank Wies, Affekot a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

auto_stories

4 min

An de leschte Wochen héiert een oft, d'Leit wieren de Moossnamen zur Bekämpfung vun der Pandemie midd a mir géife riskéieren, datt se dës aus Iwwerdross net méi respektéieren. Berichter iwwert sougenannten "illegal" Partyen an aner Verstéiss géint d'Ausgangsspär verstäerken dat Bild vun der Sehnsucht duerno d'Fräiheeten zréck ze kréien.

D'Fro ass just wat mir ënner Fräiheet verstinn. Geet et drëm e Patt ob enger Terrass ze drénken, mat der Groussfamill Fester ze feieren oder, fräi nom Serge Tonnar, an d'Vakanz ze fueren ouni Pass ouni Bagage ? Wann een déi ëffentlech Diskussioun aus de leschte Wochen a Méint verfollegt, da kann een den Androck kréien, mir wiere bereet fir déi Kommoditéiten ob esou munch aner fundamental Rechter a Fräiheeten ob länger Zäit ze verzichten.

Ech denken do zum Beispill un d'Recht ob fräi Bestëmmung iwwert säin Kierper. Nodeems d'Impfunge géint den Covid ugefaangen hunn, si schnell Zuelen zirkuléiert laut deenen am Fleegesecteur bal d'Hallschent vum Personal sech net hätt wëllen impfe loossen. Obwuel déi Zuelen ob wackelege Féiss stinn a vun anere Quellen a Fro gestallt goufen an obwuel et wëssenschaftlech nach net beluecht ass, datt eng geimpfte Persoun de Virus net méi ka viru ginn, hu Vertrieder aus der Wirtschaft an der Politik schnell no enger Verflichtung vum Fleegepersonal geruff, sech missten impfen ze loossen, wa se dann hiren Job behale wëllen. Eng Fuerderung déi kuerz drop dann e bësse méi nuancéiert vun der nationaler Ethikkommissioun iwwerholl gouf.

À propos Denunziatiounen...

Och de Schutz vun der privater Wunneng ass a Fro gestallt ginn. Esou hat déi deemoleg Präsidentin vum Staatsrot am Juli vum leschte Joer et als Problem bezeechent, datt d'Police weiderhin net ka kontrolléieren, wéi vill Visiteuren d'Leit bei sech doheem empfänken. Wuelbemierkt gi Verstéiss géint dës Reegele mat enger Geldstrof beluecht a sinn einfach Kontraventiounen; rechtlech gläich gestallt mat engem Ticket fir falsch Parken. Wou d'Andréngen a privat Wunnenge bis elo just bei engem dréngende Verdacht ob schwéier Verbriechen an ënner strengen Oplage méiglech sinn, sollt dat wierklech ob Denunziatioun vun de Noperen erlaabt sinn, well een eng Persoun ze vill bei sech agelueden hätt?

À propos Denunziatiounen. An enger vun hire selleche Revisioune vun de Covidgesetzer hat eis Regierung proposéiert, all Staatsbeamten ze verflichten, Verstéiss géint d'Reegele vun der Quarantän an Isoléierung ze mellen, wa se der an hire Funktioune fest stellen. Ofgesinn dovun, datt den Notze vun esou enger Reegelung zweiwelhaft erschéngt an Zäite wou d'Vertraue vun de Bierger an déi staatlech Institutioune primordial ass, entsteet domat och e Klima vun allgemengem Mësstraue wat kenger fräiheetlecher Gesellschaft ob laang Dauer gutt deet.

Grondrechter si keng Privileegien

Ob europäeschem Niveau ass en Pass geplangt mat dem de Bierger soll noweise kënnen, datt hie sech géint de Covid impfe gelooss huet. Wat u sech keng revolutionär Iddi ass, gëtt awer brisant, wann een Iwwerleeungen ustellt, verschidde Fräiheeten nëmmen nach deenen zou ze stoen, déi eng Impfung kënnen noweisen.

Dobäi si Grondrechter keng Privileegien, déi ee sech verdénge muss.

Ech ënnerstellen hei kengem Acteur mat schlechter Absicht esou Moossname virzeschloen, mee och déi beschten Intentioun ass nach laang keng Garantie fir gutt Decisiounen. L'enfer est pavé de bonnes intentions seet d'Spréchwuert.

Déi wierklech Fräiheeten a Grondrechter net aus den Ae verléieren

Et gëtt jo am Moment vill iwwer d'Liewen no Corona Rieds an dem Wëllen zur Normalitéit zréck ze fannen. Jiddwerengem seng Ongedold ob de Wee ze kommen ass méi wéi verständlech. Mir mussen awer gutt oppassen, datt mir duerch dës Ongedold, net déi wierklech Fräiheeten a Grondrechter aus den Ae verléieren oder esou guer prett sinn se ze afferen, mam Zil e Stéck Normalitéit zeréck ze gewannen.

Fir mat engem Zitat vum Benjamin Franklin ofzeschléissen: wie Fräiheeten opgëtt fir Sécherheet ze gewannen, verdéngt weder Fräiheet, nach Sécherheet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.