Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir si keng Kachkéis-Lëtzebuerger"

Medien

"Mir si keng Kachkéis-Lëtzebuerger"

No 25 Joer hält de Feierkrop op. De Jacques Drescher schwätzt am 100,7-Interview iwwert d'Erfahrungen, déi hien als jonke Journalist markéiert hunn. An hie verdeedegt d'Konzept vun der satirescher Wochenzeitung, déi hie mat gegrënnt huet.

auto_stories

5 min

"D'Ëmfroe sinn de grousse Wahlverléierer"

De Jacques Drescher seet, hie wier iwwerrascht gewiescht vum Resultat vun de Chamberwahle vum 14. Oktober. Och wann een Ëmfroe kritesch géif gesinn, wier een dovunner konditionéiert, dowéinst hätt hien net mat deem Resultat gerechent.

D'Defaite vun der CSV erkläert de Journalist domadder, datt de Jean-Claude Juncker net méi derbäi ass an "de Claude Wiseler ze vill fein ass". Iwwerdeems géif d'CSV sech grad wéi vill aner Parteien an der Mëtt vum politesche Spektrum situéieren - "do ass ee grousst Gedrécks an der Mëtt".

Den "CSV-Staat" wier awer net seriö a Gefor, wann zum Beispill de grénge Justizminister Félix Braz weider mat den CSV-noe Beamte géif zesummeschaffen, esou déi ironesch Remark vum Jacques Drescher.

LSAP an der Sakgaass

Bei der LSAP géif an der Suite vum schlechte Wahlresultat net iwwer Inhalter, mee just iwwer Poste geschwat ginn, mengt de Journalist. D'Partei wier an enger Sakgaass: An der Oppositioun kéint se sech net richteg erneieren, mee an der Regierung bleiwe wier och schlecht.

Well déi al Garde net wéilt Plaz maache fir Jonker, géifen zum Beispill de Mars Di Bartolomeo an den Alex Bodry parteiintern Pritt Di Bartolomeo a Pattex Bodry genannt ginn.

De Jacques Drescher geet dovunner aus, datt de Poste vum Chamberpresident duerch eng Rotatioun tëschent der LSAP an deene Gréngen kéint opgedeelt ginn.

Journalismus an den 1980er

Als jonke Journalist huet de Jacques Drescher erlieft, datt net alles sou leeft, wéi hien et a sengem Journalismus-Studium geléiert hat.

  • Wéi hien an der Revue iwwer een ëmstriddene Bauprojet wollt schreiwen, hätt de Proprietär vun der Zäitschrëft (de Verlag Bourg-Bourger) verhënnert, datt deen Artikel publizéiert gëtt. Amplaz hätt d'Arbedszeitung Lëtzebuerger Land den zenséierten Text bruecht, obwuel et an der Affär ëm de Lavals-Park goung, deen enger aler Arbeds-Famill gehéiert huet.
  • D'CSV-Deputéiert Viviane Reding huet am Lëtzebuerger Wort de Chamberbericht geschriwwen, an deemno och iwwer sech selwer bericht. "Dat war vun enger Skrupellosegkeet - haut géif dat journalistesch an ethesch net méi duerchgoen." Dat géif och erklären, firwat de Jacques Drescher säi satiresche Chamberbericht am "Ländchen" mam Pseudonym "Viviane Muppeschnëss" ënnerschriwwen hätt.
  • Beim Tageblatt hätt hie virun de Wahlen net méi dierfen de Chamberbericht schreiwen, well een do d'LSAP hätt misse grouss erausbréngen. Amplaz wier dowéinst de Mars Di Bartolomeo zoustänneg gewiescht.

Aus Iwwerzeegung Kommunist

Seng eenzeg fest Plaz als Journalist hat de Jacques Drescher bei der kommunistescher Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Hei huet de Journalist sech vun 1984 bis 1993 ënner aneren ëm déi satiresch Bäilag "Feierkrop" gekëmmert. Hie wier ni zenséiert ginn, zielt de Journalist. Mee d'Meenungsverschiddenheete wieren uganks den 1990er sou grouss ginn, datt hien d'Zeitung an d'Partei verlooss hätt.

De Jacques Drescher krut "vun engem Politiker gesot", de Geheimdéngscht hätt deemools een Dossier iwwer hien ugeluecht. Hie wéilt awer guer net wëssen, wat do dra steet. Do kéint net vill Interessantes dra stoen, a souwisou, wier dat jo nëmmen normal gewiescht am Kale Krich: "Ech wëll dat elo net verharmlosen, mee et ass ee jo net ageschränkt ginn a senger Fräiheet."

DNF: Männlech a Lëtzebuergesch

Am Oktober 1993 lancéiert de Jacques Drescher zesumme mat ënner anerem dem René Clesse, Jean-Michel Treinen, Léon Claus a Mario Hirsch eng onofhängeg satiresch Wochenzeitung mam Numm "Den Neie Feierkrop" (DNF).

De Projet huet Succès: Uganks den 2000er Joren erreecht de Feierkrop mat enger Oplag vun iwwer 15.000 verkaaften Exemplairen een Héichpunkt a bleift laang populär. Déi lescht Joren ass de Verkaf konstant zréckgaangen. De Projet wier een "Auslafmodell" gewiescht, esou de Jacques Drescher.

Zanter Kuerzem huet de Feierkrop och eng weiblech Auteurin, déi ënner dem Pseudonym "Gloria Mundi" schreift. Op d'Fro, firwat quasi just Männer fir de Feierkrop geschriwwen hunn, äntwert de Jacques Drescher zögerlech:

"Ech weess et net, wéi dat mat...ob d'Fraen do manner...also ech weess elo keng...ech wier frou, wa sech fir déi lescht Nummer nach puer Frae mellen."

De Feierkrop beliicht an éischter Linn de Lëtzebuerger Polit-Mikrokosmos. De Fait, datt am Grand-Duché vill Auslänner liewen a vill Frontaliere schaffen, an dat a ganz verschiddene Wirtschaftssecteuren, spigelt d'Zeitung net sou staark erëm. Dozou gëtt de Jacques Drescher mat enger ausféierlecher Erklärung ze bedenken:

"Da misst een eng aner Zeitung maachen. Ech mengen, datt de Feierkrop eng Lëtzebuerger Zeitung ass, well et ass ee Lëtzebuergeschen Humor. (...) De Charlie Hebdo, déi hu versicht an Däitschland eng Zeitung erauszeginn. Si hu missen ophalen, dat funktionéiert net. Mir sinn eng lëtzebuergesch Zeitung vu Lëtzebuerger fir Lëtzebuerger. Dat heescht net, datt mir Kachkéis-Lëtzebuerger sinn. Dat heescht, datt mir och Lëtzebuerger si mat italieneschen, portugiseschen, franséischen, däitschen Originnen - wéi all Lëtzebuerger. Mee well mir Lëtzebuerger sinn, kënne mir d'Lëtzebuerger och kritiséieren an hirer Bornéiertheet, an hirem Chauvinismus."

D'Zeitung wier gréisstendeels op Däitsch an dowéinst fir vill Auslänner net ze verstoen. Dat hätt och eppes domadder ze dinn, datt déi verschidde Communautéiten hei am Land "e bësse laanschtenee liewen". De radio 100,7 hätt deen nämmlechte Problem, well e säi Projet fir an anere Sproochen ze senden, refuséiert krut.

Ee Lach an der Presselandschaft

De Feierkrop huet net just iwwer d'Politik, d'Monarchie an d'Kierch kritesch bericht, mee och iwwer d'Medien. Zum Beispill huet d'Zeitung déi aner Journaliste blouss gestallt, déi 2002 net iwwer een Hannergrondgespréich bericht hunn, wärend deem d'Grande-Duchesse d'Chefredaktere vun den Tensiounen um Haff verzielt huet. An der Suite dovunner hätt sech den Ëmgank vun de Medie mam Haff verännert:

"Wéi mir ugefaangen hunn, war den Haff nach tabu. Ech mengen, datt do déi Attitude zur Monarchie och geännert huet. Ech hoffen, datt mir do net dru schëlleg sinn, well haut hunn ech d'Impressioun, datt jiddwereen op den Haff klappt. Mir maachen dat haut e bëssi méi subtil, well ech fannen, datt den Haff haut esou eng subversiv Veranstaltung ass."

Mam Enn vum Feierkrop entsteet an der Lëtzebuerger Presselandschaft ee Lach. Jonke JournalistInne, déi eng nei satiresch Publikatioun wéilte lancéieren, géif de Jacques Drescher rode fir sech mat Zeechner zesummenzedoen: "Well ouni d'Karikaturiste geet et net."

Da misst dat Ganzt sech finanziell droen, well ee soss net onofhängeg wier: "Well et ass eppes wéi eng Epicerie."