Radioen

On air

Tockcity  |  Gift - Wish Me Away

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Féierungswiessel a wéineg Produktivitéit

Fonds du Logement

Féierungswiessel a wéineg Produktivitéit

Den CSV-Deputéierte Marc Lies kritiséiert e Réckgang vun der Produktivitéit vum Fonds du Logement. Konkret Zuelen dozou nennt de Logementsminister net. Et misst een elo no vir kucken, esou de Marc Hansen. Hie gëtt zou, datt d'Restrukturatioun beim Fong schwiereg ass.

auto_stories

2 min

De Fonds du Logement wier nach ëmmer an enger zolitter Restrukturatioun, an et wier net einfach, seet den DP-Logementsminister Marc Hansen. An dräi Joer hu sech véier verschidde Presidenten un der Spëtzt vum Verwaltungsrot vum Fonds du Logement ofgeléist: Den Daniel Miltgen, d'Tania Fernandes, de Claude Wagner, an zënter e Freideg ass d'Diane Dupont nei Presidentin.

Donieft gëtt et aktuell keen Direkter. De Poste gouf nei ausgeschriwwen. Dräi verschidde Persoune waren zënter 2015 fir d'Gestioun vum Fonds du Logement zoustänneg: Den Daniel Miltgen an de Mario Schweitzer. De Pitt Matthieu war am September als Direkter genannt ginn. Hie sollt de Posten op den 1. Januar iwwerhuelen. Aus perséinleche Grënn wëllt hien de Posten net untrieden.

D'Zukunft wäert et weisen

Dem Minister no misst een elo no vir kucken. De repetéierte Féierungswiessel un der Spëtzt vum Fonds du Logement hätt dozou gefouert, datt de Fong manner produktiv ginn ass, sou den CSV-Deputéierte Marc Lies. Den DP-Minister gëtt zou, datt d'Produktivitéit an de Joren 2015 an 2016 erofgaangen ass. Konkret Zuele fir 2016 nennt de Marc Hansen awer net. Hie féiert de Réckgang vun der Produktivitéit deels op d'Restrukturatiounen an d'Reform vum Fonds de Logement zréck. Dat bräicht Zäit, sou wéi och Bauteprojeten, déi ëmmer iwwert eng laang Periode géingen entstoen. De Minister verweist op déi vum Fong geplangten 2.000 Wunnengen zu Wolz an Diddeleng. Nei Projeten nennt hien net. Den Invest fir d'Zukunft wier awer massiv an d'Luucht gaangen.

De Marc Lies kritiséiert, datt de Minister iwwert de Regierungskommissär am Verwaltungsrot vum Fong ze vill Afloss géif huelen. An enger parlamentarescher Fro huet den CSV-Deputéierten en éischte Bilan vun der Reform vum Fonds du Logement gefuerdert. Et ass ze fréi, fir Konklusiounen ze zéien, seet de Marc Hansen.

Op d'Fro, ob d'Aarbechtsklima am Fong gutt wier, äntwert de Minister, datt vill Leit d'lescht Woch op der Chrëschtfeier vum Fonds du Logement waren.