Kandidaten aus EU-Staaten sollen dem Gesetzprojet no eng Notaires-Ausbildung an engem aneren EU-Staat hunn, den droit notarial zu Lëtzebuerg beherrschen, een Niveau B2 an den dräi administrative Sproochen hei am Land hunn a physesch present an der Etüd sinn. D'Notaire sollen dann och net méi wéi bis ewell no Anciennetéit genannt ginn. Mä all Kandidat ka sech op een ausgeschriwwene Poste mellen. D'Notariatskammer, déi un der Ausschaffung vum Gesetzsprojet bedeelegt war, géif dann no gewësse Critèren ee Kandidat nennen.
D'Nationalitéit soll deemno an Zukunft keng Roll méi spillen. De Gesetzprojet gesäit awer nawell Konditioune vir. Et muss een nämlech eng Notaires-Ausbildung an engem EU-Staat hunn, den droit notarial zu Lëtzebuerg beherrschen an een Niveau B2 an den dräi administrative Sproochen hunn. Dem Gesetzprojet no misst de Notaire dann och net méi seng professionell a privat Adress an der selwechter Gemeng hunn. A seng Nominatioun wier fir siwen an net wéi bis well fir fënnef Joer.
An Zukunft muss den Notaire och physesch a senger Etüd present sinn. "E kritt also net nëmmen eng Nominatioun an eng Gemeng fir eng Etüd opzemaachen, e muss och tatsächlech an där Etüd physesch present sinn", seet de Justizminister Félix Braz. Et kéinten deemno keng europäesch Dispositioune benotzt ginn, fir Etüden a verschiddene Länner opzemaachen.
Ännerung bei der Nominatiounsprozedur
D'Reform gesäit och eng Ännerung bei der Nominatiounsprozedur vir. D'Notairë sollen net méi wéi bis ewell no Anciennetéit vun enger Lëscht genannt ginn. Mee all Kandidat vun der Lëscht ka sech op een ausgeschriwwene Poste mellen. D'Notariatskammer, déi un der Ausschaffung vum Gesetzsprojet bedeelegt war, géif dann no gewësse Critèren ee Kandidat nennen. Géint déi Nominatioun kéinten d'Kandidaten allerdéngs um Verwaltungsgeriicht Recours aleeën. Déi transparent Critèren an d'Exame géifen och elo a réglements grand-ducaux gegoss ginn, seet de Justizminister, "e grousse Worf an Terme vun Transparenz, vum Versuch vun der Objektivéiereung".
Et wier natierlech net einfach, verschidde Kandidaten perfekt objektiv z'evaluéieren, mee d'Prozedur wier transparent.
Den Ament - a schonn zanter ronn 20 Joer - ginn et 36 Notaire-Étuden zu Lëtzebuerg. Déi Zuel soll net änneren, mee dem Gesetzprojet no kéinten Notaire mat engem sougenannten "notaire non titulaire" zesumme schaffen. D'Zuel vun den Dossieren hätt nämlech zougeholl, seet de Félix Braz. Den Ament géifen am Joer tëscht 60 a 70.000 Akte gemaach ginn.