Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Chômage op enger réckleefeger Tendenz”

Wirtschaft

“Chômage op enger réckleefeger Tendenz”

De Statec huet d’Auswierkunge vun der geplangter Steierreform berechent: Méi Kafkraaft, méi Emploi, manner Aarbechtslosegkeet. Risike fir d’Wirtschaft wieren ënnert anerem de “Brexit”. Interview mam Statec-Mataarbechter Ferdy Adam.

auto_stories

3 min

Ferdy Adam

D’Reduktioun vun der Steierlaascht vun am ganze 425 Milliounen Euro géif fir een Duerchschnëtts-Stot méi Akommes bedeiten, wat sech op de Konsum géif auswierken, sou de Ferdy Adam vum Statec. D’Statistikverwaltung huet den Impakt vun der Steierreform - déi nach muss an der Chamber gestëmmt ginn - an zwou rezente Publikatiounen analyséiert (Note de conjoncture a Regards).

Eng Steierreform, déi manner ambitiéis ausgefall ass wéi déi viregt: am Verglach zur wirtschaftlecher Aktivitéit ausgedréckt wier “ongeféier nëmmen hallef esou grouss wéi déi, déi ugangs de Joren 2000 gemaach gi war”, sot de Ferdy Adam am Gespréich mam Carole Schimmer. An awer wier mat positiven Auswierkungen op d’Wirtschaft ze rechnen.

“Relativ substantiell Baisse” vum Chômage op ee Joer

Méi Akommes, méi Konsum, méi wirtschaftlech Aktivitéit: doduerch géif den “emploi total” an d’Luucht goen, wat och méi Frontaliere géif unzéien. D’Grenzgänger “kéinten ee liichte positiven Impakt hunn” op d’Aarbechtslosegkeet, sou de Statec-Mataarbechter. “De Chômage ass op enger réckleefeger Tendenz, dat ass relativ kloer”. De leschte Mount wier ee Réckgang vun 0,5 Prozentpunkte géigeniwwer der selwechter Period d’lescht Joer festgestallt ginn, eng “relativ substantiell Baisse”.

Déi Lëtzebuerger Wirtschaft wiisst nees zolidd, mat Tauxe vun 3% bis 5%. Trotz enger Rei “Inquiétuden” (zum Beispill ee Bankesecteur, deen amgaang wier ofzebremsen) geséich de Ferdy Adam awer kee Grond, fir komplett pessimistesch ze sinn.

Impakt vum “Brexit” op d’Wirtschaft

Et wier awer evident, datt duerch een Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun d’Risiken an d’Luucht géife goen. Nom "Brexit"-Referendum wieren d’Bourse kuerzfristeg gefall, an Tëschenzäit hätte se sech och nees erkritt. Elo misst een d’Vertraue vun de Stéit a vun de wirtschaftlechen Acteuren am A behalen.

Mëttel- bis laangfristeg dierft Groussbritannien fir d’éischt an eng Rezessioun falen, duerno da manner wuesse wéi bis elo (d’nächst Joer ëm 2% amplaz vun de geplangten 3%). Well Eurozone-Memberen a Groussbritannien exportéieren, “gëtt sech een net onwichtegen negative Schock erwaart”. Éischten Aschätzungen no misst ee vun 0,2 bis 0,3 Prozentpunkte manner Wuesstem fir d’Währungsunioun ausgoen.

Konsequenze fir Lëtzebuerg?

Wat den normalen Impakt op déi ekonomesch Aktivitéit betrëfft wier Lëtzebuerger “éischter wéineg betraff”, sou de Ferdy Adam. Betriber hei am Land géifen nëmmen 2% bis 5% vun hire Gidder a Groussbritannien exportéieren. Méi ze spiere kréichen Finanzdéngschtleeschtungen de "Brexit", do mécht den Undeel vum Export op d’Insel 15% aus.

De Ferdy Adam gesäit awer och Chancë fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft. Britesch Entreprisen, déi ee Fouss an der EU wëlle behalen, kéinten op Lëtzebuerg kommen. De Moment wier et allerdéngs “ze fréi, fir quantifizéiert Hypotheesen op den Dësch ze leeën”.