Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Keng Decisiounen aus dem Bauch eraus huelen"

Post-Strategie

"Keng Decisiounen aus dem Bauch eraus huelen"

Eng Partie Post-Büroe wäert geschwë mussen zoumaachen, well se net rentabel sinn. Dat sot de Wirtschaftsminister rezent an der Chamber. Zil wier et, d’Perten vu 25 bis 30 Milliounen Euro d'Joer ze reduzéieren. De President vun der Postgewerkschaft geheit dem Minister vir, d'Post aus wahltaktesche Motiver zu iwwerstierzten Decisiounen ze beweegen. Den Etienne Schneider streit dat of a schwätzt vun "Hirngespinster".

auto_stories

3 min

(©POST Luxembourg)

D’Strategie vun der Post berout op véier Pilieren. Een dovun ass d'"Self Post", wou d’Clienten sech selwer kënnen zerwéieren an hir Operatioune maachen. Aner Volete sinn d’Moderniséierung vum Reseau vun de Verkafspunkten mat méi flexibelen Ëffnungszäiten. Dernieft iwwerhëlt de Bréifdréier eng Partie Aufgaben, déi soss vun de Postbüroe waren. Véierte Pilier vun der Strategie ass d’Zesummenaarbecht mam Cactus a mat der Raiffeisebank, déi just eréischt lancéiert gouf.

Et muss een nach ofwaarden, wéi déi Partenariater funktionéieren, seet de President vun der Post-Gewerkschaft. Fir alleguer d'Partner wier et nach ze fréi, wann elo scho Schléissungen vun X Büroen ugekënnegt ginn. "Decisiounen, déi een aus dem Bauch hëlt, si keng gutt Decisiounen", sou de Jean-Marie Heyder. Aktuell huet d'Post 94 Büroen uechter d'Land. D'Post-Gewersckhaft ass net prinzipiell géint Fermeturë vu Büroen. De Gewerkschaftspresident warnt awer, datt een domadder net onbedéngt d'Käschte staark reduzéiert. Ëmmerhi géif d'Personal bleiwen. Dem Minister seng Aussoen an der Chamber géifen d’Post ënner Drock setzen, fir séier ze agéieren. Déi "Hauruck-Method" géif dem internen Decisiouns-Prozess an och dem Ruff vun der Post schueden. 

"Ech mësche mech net an"

Et ass aus Perspektiv vun der Gewerkschaft ze fréi, datt de Minister schonn den 3. Dezember an der Chamberkommissioun wéilt Detailer iwwer eng eventuell Re-Organisatioun vum Post-Reseau virstellen. D’CSV deelt d’Meenung vun de Gewerkschaften, dat ee fir t’éischt misst ofwaarden, wéi déi nei Cooperatioune gräifen, éier iwwerhaapt emol iwwert d’Fermeture vu Postbüroen diskutéiert gëtt. Den Etienne Schneider ass en Ukënnegungsminister, deem seng Annoncen sech dacks als net exakt eraus stellen, seet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

Den Etienne Schneider weist d’Kritiken zréck. "Ech mësche mech net an d’Strategie vun der Post an", seet hien. Hien wier vun der Generaldirektioun informéiert ginn, dass de Verwaltungsrot vun der Post eestëmmeg decidéiert huet, op de Wee vun enger Reorganisatioun ze goen. D'Generaldirektioun géif den 3. Dezember hir Strategie presentéieren, wéi eng Büroen eventuell zougemaach ginn, respektiv regruppéiert ginn. "Ech kennen déi Strategie bis dato net," sou de Minister.

Politesch motivéiert Hauruck-Method?

D’Post ass de Spillball gi vun der Politik, bedauert de Jean Marie Heyder. De Wirtschaftsminister géif léiwer elo matdeelen, datt Büroen zoumaachen, ewéi 2017. Dat Joer wieren nämlech och Gemengewalen. "Dat ass definitiv net wouer", reagéiert den Etienne Schneider. An anescht wéi de Gewerkschaftspresident behaapt, wier hien net am Gaangen sech eng Plaz bei der Post ze arrangéieren, fir no senger Zäit als Minister. "Ech weess net, wou den Häer Heyder déi Hirngespinster do hier hëlt."

Den 2. Dezember ass eng ausseruerdentlech Sëtzung vum Verwaltungsrot vun der Post. Wat dann deen Ament zu eventuelle Schléissunge festgehale gëtt, bleift ofzewaarden.