Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fëschbech, d'Residenz vum Grand-Duc Jean

Lëtzebuerg seet Äddi

Fëschbech, d'Residenz vum Grand-Duc Jean

De leschten Donneschdeg gouf e Rousekranz fir de Grand-Duc Jean an der Fëschbecher Kierch deposéiert. E Brauch, dee bei all Bierger vu Fëschbech praktizéiert gëtt. Mëtt Mee soll dann eng speziell Zeremonie fir de verstuerwene Staatsmann an der Fëschbecher Kierch ofgehale ginn. De Maurice Antony huet sech mam aktuelle Buergermeeschter Frank Daems ënnerhalen.

auto_stories

2 min

Haut - um Dag vum Begriefnes - hätten déi Fëschbecher Gemengeresponsabel keng Zeremonie zu Éiere vum verstuerwene Grand-Duc virgesinn, esou de Buergermeeschter Frank Daems. Dofir wier de Buergermeeschter awer als geluedene Gaascht op dem Staatsbegriefnes fir d'Gemeng Fëschbech ze vertrieden. Eng speziell Zeremonie zu Fëschbech soll et zu engem spéideren Ament ginn, esou de Frank Daems:

Mir hunn eng cérémonie d'adieu geplangt fir den 19. Mee zu Fëschbech an der Kierch, wou mir dann och an enger Mass dem Grand-Duc Jean wëlle Merci an Äddi soe fir alles, wat hie gemaach huet fir eist Land.

Dës Zeremonie gouf speziell fir de Grand Duc Jean aberuff a soll de Bierger vu Fëschbech d'Méiglechkeet bidden, hirem fréiere Matbierger ze gedenken.

Ech mengen, et ass eng Zeremonie fir de Grand-Duc Jean vun der Fëschbecher Gemeng, vun de Fëschbecher Leit. Mir erwaarden eis an éischter Linn, datt déi Fëschbecher Leit drun deel huelen. Ech wëll dat elo net virgesi fir dat ganzt Land. Mir hunn zwar eng grouss Kierch an dann awer och nees eng relativ kleng fir esou Geleeënheeten. Dat heescht, do sinn d'Plazen awer relativ begrenzt. Ech géif elo net den Opruff maachen fir d'ganzt Land. Ech zielen do op d'Versteesdemech vun de Leit.

Um Fëschber Schlass, der leschter Residenz vum Grand-Duc Jean si fir de Moment keng Aktivitéite geplangt, esou de Frank Daems. De Buergermeeschter erënnert sech un déi feierlech Arrivée vum Grand-Duc a senger Fra, der Grande-Duchesse Josephine Charlotte an der Gemeng Fëschbech am Joer 2002. Mat engem Gedenksteen gouf dëse Moment festgehalen.

Vun do un huet eise Grand-Duc Jean hei bei eis gewunnt. Mee hien huet net nëmmen hei gewunnt. Et däerf ee sech net virstellen, datt d'Schlassdieren ëmmer zou waren, an een hien net gesinn huet. Au contraire. Hien huet sech gären ënner d'Leit vun der Gemeng gemëscht. Dat heescht, hien huet och gären un de kulturelle Gemengenaktivitéiten deelgeholl, Buergbrennen zum Beispill, den Hämmelsmarsch, oder wann d'Kanner liichte koumen.

Gären hätt de fréiere Grand-Duc d'Leit zu esou Uläss op sengem Schlass empfaangen, esou de Frank Daems. Nieft der Kultur hätt de Grand-Duc sech awer och fir d'Gemengepolitik interesséiert a sech ëmmer als Deel vun der Gemeng Fëschbech verstanen. Un de Grand-Duc huet de Frank Daems nëmme gutt Erënnerungen.

De Grand-Duc Jean war ëmmer e léiwen, häerzlechen a formidabele Mënsch. An dat ass ëmmer iwwergesprongen op déi Leit, déi mat him ze dinn haten. Wann dir mat him geschwat hutt, dat ass guer net anescht gaangen. Hie war ëmmer fein, frëndlech, häerzlech a wëssbegiereg.