Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fëschbech muss neie PAG ausschaffen

PAG

Fëschbech muss neie PAG ausschaffen

D'Gemeng Fëschbech hat um Verwaltungsgeriicht ee Recours agereecht, nodeems den Ëmweltministère de neien Bebauungsplang verworf hat. A sengem Arrêt gëtt d'Verwaltungsgeriicht dem Nohaltegkeetsministère zum groussen Deel Recht. D'Gemeng muss hire PAG iwwerschaffen. Dat bedeit datt d'Awunner aus der Gemeng nees consultéiert ginn, éier de Gemengerot ka gréng Luucht gi fir een neie Bebauungsplang.

auto_stories

3 min

A sengem Arrêt ass d'Verwaltungsgeriicht op de PAG vun 1982 agaangen, dee net ganz duerch d'Prozedur gaange war. Deemools hat den Agrarministère festgeluecht datt fënnef Parzellen an der Gréngzone missten erhale bleiwen. Eng Informatioun, déi d'Gemeng Fëschbech beim Ausschaffe vum PAG net hat. Zu deem Zäitpunkt gouf et nach keng digitaliséiert Pläng, seet den Ëmweltstaatssekretär Camille Gira.

Wëll dee PAG vun 1982 ni komplett geneemegt gouf ass den Ëmweltministère dovunner ausgaangen, datt déi ganz Gemeng Fëschbech an der Gréngzone géing leien. D'Verwaltungsgeriicht huet dat anescht gesinn. Dat huet och dozou geféiert datt d'Gemeng bei där enger oder anerer Fläch vum Geriicht Recht krut. De facto wieren eng Rei Flächen zanter den 80er Joren am Perimeter, esou d'Conclusioune vum Tribunal administratif.

Zwou wesentlech Jurisprudenzen

Den Ëmweltministère hat fir 15 verschidde Flächen d'Ëmklassifizéierung an de Bauperimeter refuséiert. Gefaart gouf eng Zersiidlung vun der Landschaft. D'Gemeng wollt eng Rei eenzel Gebaier, déi an der Gréngzone leien an de Bauperimeter integréieren. D'Geriicht huet dat mam Argument verworf, datt de Ministère bei Flächen, déi am Bauperimeter leien, net méi kéint matschwätzen. Domat géing ee riskéieren datt d'Landschafte verschampeléiert ginn, betount de Camille Gira.

De Camille Gira begréisst eng zweet Jurisprudenz. D'Verwaltungsgeriicht huet a sengem Uerteel präziséiert datt wann eng Fläch aus der Zone Verte an de Bauperimeter eriwwergeholl gëtt, datt de Ministère eng Rei aktiv Servituden drop huet. Wann zum Beispill um Bord vun enger Uertschaft eng Fläch an de Perimeter gesat gëtt, da kéint den Ëmweltministère bestëmmen datt eng 20 Meter breet Gréngsträif geplanzt gëtt, fir iwwert deem Wee déi nei Lotissementer an d'Landschaft kënnen z'integréieren, seet den Ëmwelt-Staatssekretär.

Gemeng Fëschbech ze séier gewuess

D'Populatioun vun der Gemeng Fëschbech huet sech a 25 Joer méi wéi verduebelt. Mam neie PAG wollt de Gemengerot bannent deenen nächsten zwielef Joer, nach eng Kéier rasant wuessen. An den Ae vum Ëmweltministère ware verschidde Fläche vill ze grouss - aus deem Grond wier dee PAG verworf ginn, esou de Camille Gira.

Trotzdeem kéint Fëschbech weiderhi wuessen, et kéime jo Terrainen am Bauperimeter bäi, sou de Camille Gira. "Iwwerdeems gëtt et nach eng Rei Baulücke."

Schaffen, Wunnen, Akafe beienee bréngen

Zu Fëschbech gëtt praktesch nëmme gewunnt. Fir 1200 Awunner ginn et nëmmen 80 Aarbechtsplazen, ënnersträicht de Camille Gira. "Mir mussen erëm kucken, datt mer an deene Gemenge Projeten realiséieren, wou och Aarbechtsplazen sinn. Mir musse Wunne, Schaffen, Akafen a Fräizäit nees méi no beienee bréngen."

D'Gemeng Fëschbech hätt awer keng Basisinfrastrukturen ewéi Bäcker, Metzler oder eng Epicerie. Et gëtt weder een Dokter nach eng Apdikt an der Gemeng. "Dowéinst", seet de Camille Gira, "ass et och net sënnvoll datt esou Gemenge wierklech massiv wuessen. Dat féiert zu genau deem Verkéier féieren iwwert dee jiddereen sech opreegt."

De Camille Gira am Gespréich mam Carole Schimmerplay_arrow