Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jacques Palminger & Erobique - Wann Strahlst Du

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fest Reegele fir den Teletravail an der Fonction publique

"Net méi ewech ze denken"

Fest Reegele fir den Teletravail an der Fonction publique

An Zukunft ass de gesetzleche Kader fir den Teletravail an der Fonction publique kloer definéiert. De Minister vun der Fonction publique an de CGFP-President hunn de Moien den Accord virgestallt. Wat sinn déi wichteg Punkten, déi an dësem Reegelwierk festgehale ginn?

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Zanter der Pandemie huet den Teletravail e reegelrechte Boost erlieft. Insgesamt hunn eng 15.000 Mataarbechter aus der Fonction publique vun doheem aus geschafft, mee e reegelrechte gesetzleche Kader gouf et dofir net.

Spillreegele ginn definéiert

Dat gouf elo mat dem Accord tëschent der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP an dem zoustännege Ministère nogeholl, esou de Minister vun der Fonction publique, de Marc Hansen.

Hei géif een elo de Cadrage an Äntwerte ginn, datt ee ganz kloer wéisst, wat d'Spillreegele wieren an wéi den Teletravail ze funktionnéieren hätt:

"Et ass elo de Moment wou vill Administratioune sech d'Fro stellen, wéi geet et viru mam Teletravail an et ass och e grousse Besoin bei de Beamten do, déi géifen och gär wësse wéi geet et dann elo iwwer déi Pandemie eraus weider mam Teletravail."

Wat sinn déi wichteg Punkten?

Den Accord, dee fir d'Fonction publique an och fir d'établissements publics gëllt, hält fest, datt d'Cheffe vu den Administratioune mussen definéieren, wéi eng Poste fir den Teletravail a Fro kommen.

Eng zäitlech begrenzte Limite gëtt et net. Et gëtt garantéiert, datt de Fonctionnaire am Teletravail genee déi selwecht Rechter huet, wéi deen am Büro, an datt kee kann zum Teletravail gezwonge ginn.

Weider gëtt d'Recht op Déconnexioun am Règlement grand-ducal festgeschriwwen - ee wichtegen Detail, esou de CGFP-President Romain Wolff:

"Et sinn Avantagen an et sinn Desavantagen, mee eppes ass awer ganz kloer: Den Teletravail deen ass aus der Aarbechtswelt (...) net méi ewech ze denken"

Nei am Text ass och d'Festleeë vun der Plaz, vun där aus den Teletravail geleescht gëtt. Dat muss net de lieu de résidence sinn, a soll iwwer eng Konventioun festgehale ginn. Domadder sollen déi verschidde familiär Realitéite vun de Leit am Teletravail respektéiert ginn.

All Administratioun muss festleeën, wie fir den Teletravail eligibel ass a wéi vill Deeg pro Woch kënnen ugefrot ginn. Wichteg wier, datt den Teletravail fräiwëlleg wier an déi betreffend Leit a kenger Form géife benodeelegt ginn, esou nach de Romain Wolf.