Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Festgefuere Kluften a keng konkret Engagementer

NATO-G7

Festgefuere Kluften a keng konkret Engagementer

Den NATO an de G7-Sommet hu grouss Tensioune gewisen tëscht der EU an den USA. Iwwert de Kampf géint den Terrorismus eraus, ass een sech iwwert näischt méi eens. Mam Donald Trump annoncéiert sech eng international a geostrategesch Neigewiichtung vun den Allianzen a Kräfteverhältnisser. E Kommentar.

auto_stories

2 min

Et wär jo bal witzeg, wann et net esou dramatesch wär. De President vun der Weltmuecht Nummer eent stéisst e Regierungschef op d’Säit fir eng gutt Plaz op der Foto. Amplaz sech zur NATO ze bekenne werft hien de Memberstaaten fir, supposéiert "Scholden" net ze bezuelen. Wann et ëm d’Flüchtlingskris geet, lauschtert hien net no. D’Decisioun iwwert de Klimaaccord vu Paräis ass fir eng aner Kéier.

Mat senger Arroganz, Iwwerhieflechkeet, brutale Spréch an Handgräiflechkeeten, huet den Donald Trump erëm seng Onberechenbarkeet demonstréiert. A seng Geféierlechkeet fir déi grouss Problemer vun der Welt.

Keng konkret Engagementer

Fir de Klimawandel, den Honger an Afrika, de Krich am Noen Osten a fir d’Flüchtlingskris goufen et um G7 an um NATO-Sommet keng konkret Engagementer. Wat net eleng um Donald Trump louch. Iwwert de Kampf géint den Terrorismus eraus, ass ee sech iwwert näischt méi eens. Et war d’Demonstratioun vu festgefuere Kluften. Sechs géint een, esou d'Ausso vun der däitscher Bundeskanzlerin Angela Merkel um NATO-Sommet.

Deem géigeniwwer steet dat onageschränkt Bekenntnis vum Donald Trump zu Saudiarabien. E Land, dat am Jemen ongestoppt Ziviliste bombardéiert, weltwäit sunniteschen Islamismus finanzéiert a mat Waffeliwwerungen a Milliardenhéicht vun den USA ënnerstëtzt gëtt.

"Schicksal selwer an d'Hand huelen"

Dobäi kënnt dem Donald Trump seng zweedeiteg Haltung zu Russland. Déi riskéiert eng Sécherheetsgefor fir d’Europäer ze ginn, wann net fir den US-President selwer.

Géigeniwwer franséische Medien huet de jonke franséische President Emmanuel Macron den Donald Trump mam Recep Erdogan a mam Vladimir Putin verglach. Hien sech vun hinnen an hirer "diplomatie des invectives publiques" ofgegrenzt. D’Europäer missten hiert Schicksal elo selwer an d’Hand huelen. Et kéint een sech net méi op anerer verloossen, esou d’Konklusioun de Weekend vum Angela Merkel. À voir.

"Dat europäescht Sécherheetsgefill schmëlzt op Käreuropa zréck"

Europa ass voll am Klimawiessel ukomm. Dat wéinst dem Brexit, de Spannunge mat Russland, der Flüchtlingskris, dem Krich a Syrien an dem autoritäre Regime an der Tierkei. Awer och wéinst engem fragille Wuesstem an der Eurozon, de soziale Spannungen an dem Rechtsdrift an enger Rei EU-Memberstaaten.

A mam Donald Trump schmëlzt dat europäescht Sécherheetsgefill op Käreuropa zréck. Géigeniwwer all deem wat usteet, geet dat net duer.

Kommentar vum Mick Entringerplay_arrow