Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feuille de route fir DAB+ soll am Mee verëffentlecht ginn

Radiosprogramm

Feuille de route fir DAB+ soll am Mee verëffentlecht ginn

Am Mee soll d'Feuille de route fir d'Aféierung vum Iwwerdroungssystem DAB+ publizéiert ginn, dem digitale Radio. Déi bestoend Radiosprogrammer sollen hei Prioritéit kréien, esou de Xavier Bettel.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Bei der Prioriséierung wéilt een nom selwechte Prinzip virgoen, wéi elo bei der Verdeelung vun den FM-Frequenzen, betount de Minister Xavier Bettel a senger Äntwert un de Sven Clement.

Um Enn bleift et dann awer d'Entscheedung vun den eenzele Chaînen, ob si op den digitalen Diffusiounssystem wéilten ëmklammen.

Méiglecherweis eng ëffentlech Finanzéierung fir Lokalradioen

Lokalradioe kréichen zäitgläich eng zousätzlech separat Léisung proposéiert. Den Ament géif eng gesetzlech Basis finaliséiert ginn, déi hinnen eng Diffusioun via DAB+ géif erméiglechen.

Zu deem Zweck géif och eng ëffentlech Finanzéierung a Betruecht gezu ginn, sou de Xavier Bettel.

Dat hat d'Lëtzebuerger Medienopsiicht ALIA och an hirem Avis vum Oktober zejoert iwwer den DAB+-System recommandéiert.

DAB+: Den neie Standard fir Radio

Den digitale Radio léist den FM-Standard of, bei deem iwwer Radioswellen diffuséiert gëtt. Beim DAB+ ass déi geografesch Räichwäit vill méi grouss an et kritt een eng besser Tounqualitéit.

Fir Programmer iwwer dee System kënnen ze ëmfänken, brauch een en digitalen Antenneradio. DAB+ gehéiert am Ausland schonn op ville Plazen zum neie Standard. Norwegen huet als Virreider schonn 2018 dat analoogt Netz komplett ofgeschalt.