Eng Iwwerleeung wier dem Sylvain Vitali, Generalsekretär vun der FHL, no zum Beispill e Konzept bei deem vulnerabel Leit esou laang wéi méiglech kënnen doheem behandelt ginn.
Mir kucken, wéi eng Moyene mir mussen en Place setze fir Patienten oder eis eeler Leit an den Altersheemer kënnen doheem ze halen, fir ze verhënneren, datt si musse ganz fréi an d'Spidol kommen. Do musse mir mat de Partner vun de Reseau de soins an de Generalisten diskutéieren.
Hospitalisation à domicile
Aner Piste wieren d'Mobilisatioun vun de Schüler aus dem BTS specialisé, déi schonn en Infirmiersdiplom hunn a Leit aus der Preretraite oder der Retraite zeréckzeruffen.
"Natierlech muss een do nach verschidde Problemer léisen um legislative Plang, wat de Cumul vu Salaire ubelaangt, fir déi Leit net an d'Laberenten e bréngen."
Niewent dësen interne Piste fuerdert d'FHL 70 zousätzlech Vollzäitplaze fir d'Hausse vun den Hospitalisatiounen an déi héich Unzuel un Absencë beim Personal ze kompenséieren. Zousätzlech zu den übleche Krankeschäiner oder dem Congé pour raison familiale géifen den Ament eng 250 Leit vum Personal an de Spideeler feelen, seet de Sylvain Vitali:
"Mir hu kloer gefrot, mir brauche fir déi grouss Spideeler eng Basis vu 15 Leit pro Spidol, déi mir kënnen en Surplus vun eisem Effektiv, dee mir hunn, astellen, respektiv engagéieren, fir datt mir en continu kënnen déi Absencen do kompenséieren."
Absencë musse kompenséiert ginn
D'Verhandlunge mat der CNS fir déi 70 zousätzlech Vollzäitplaze wieren nach net ofgeschloss, esou de Sylvain Vitali. Mee de Generalsekretär vun der Spidolsfederatioun geet dovunner aus, datt d'Spideeler déi néideg Profiller schonn elo wäerte kënnen astellen.