Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fiat Finance muss Steieren nobezuelen

Steierrulingen

Fiat Finance muss Steieren nobezuelen

Fiat Finance muss 23,1 Milliounen Euro u Steieren zu Lëtzebuerg nobezuelen. Dat huet den Tribunal vun Europäescher Unioun um Kierchbierg entscheet. Fiat an d'Lëtzebuerger Regierung kënnen awer an Appell goen.

auto_stories

5 min

D'Europäesch Kommissioun hat virun dräi Joer decidéiert, datt Fiat Finance 23,1 Milliounen Euro Steieren zu Lëtzebuerg misst nobezuelen. D'Kommissioun huet fonnt, datt de Finanzaarm vum Autoskonstrukteur zu Lëtzebuerg ze wéineg Steiere bezuelt hat. D'Kommissioun hat deemools verlaangt, datt Fiat fir d'Joren 2012 bis 2014 tëschent 20 an 30 Milliounen Euro Steieren nobezilt. Am Oktober 2015 hat Lëtzebuerg 23,1 Milliounen Euro vu Fiat recuperéiert.

D'Uerteel vum Europäesch Geriichtshaff vum September 2019 ass déi éischt Decisioun vun de Riichter iwwer ee Lëtzebuerger Steierruling.

Géint déi Decisioun hate souwuel Fiat, wéi och d'Lëtzebuerger Regierung beim Tribunal um Kierchbierg Recours ageluecht. Den Tribunal vun der Europäescher Unioun huet d'Decisioun vun der EU-Kommissioun confirméiert. D'Lëtzebuerger Regierung huet nom Uerteel matgedeelt, datt si sech all Rechter virbehält, also en Appell op der Cour de Justice net ausschléisst.

Wéi wäit geet d'Kompetenz vun der EU-Kommissioun?

Dobäi geet et net just konkret ëm déi 23,1 Milliounen, mee och em de Prinzip. D'Lëtzebuerger Regierung hat der EU-Kommissioun virgeheit, hir Kompetenz a Saache Staatsbäihellefen ze mëssbrauchen, fir sech a Steierfroen anzemëschen.

Den Tribunal huet haut awer entscheet, si hätt hir Kompetenzen a Saache Staatsbäihellefen net benotzt, fir duerch d'Hannerdier d'Steiere vun de Betriber an der EU ze harmoniséieren. Si wier an hirem Rôle bliwwen, andeems si ënnersicht hätt, ob Fiat duerch de Ruling en Avantage kritt hätt, par Rapport zu de Steieren, déi de Betrib ouni Ruling hätt misse bezuelen.

D'Riichter hunn iwwerdeems confirméiert, datt Fiat Finance am Ruling keng Marchées-Conditiounen applizéiert huet, fir ze determinéieren zu wéi engem Präis déi aner Entitéite vum Grupp Kreditter kruten. Dowéinst wieren déi Kreditter ze bëlleg gewiescht an de Benefice, deen zu Lëtzebuerg besteiert gouf, ze niddreg.


Den Antoine Briand, Spriecher vum Tribunal erkläert, datt all d'Argumenter, déi Fiat an d'Lëtzebuerger Regierung viru Gericht abruecht haten, rejetéiert goufen:

Erklärunge vum Antoine Briand lauschterenplay_arrow


D'Riichter hunn an hirem Uerteel déi am Ruling benotzte Methodologie kritiséiert a fonnt, Fiat hätt doduerch misse manner Steiere bezuelen, wéi ouni Ruling. Dës Entscheedung géif awer net bedeiten, datt all Ruling eng illegal Staatsbäihellef wier.

Fiat ass net den eenzege Fall

Den Tribunal huet haut parallel entscheet, dass Starbucks an Holland keng Steieren nobezuele muss. D'Kommissioun hat verlaangt, datt d'Kaffischaîne tëscht 20 an 30 Milliounen Euro Steiere soll nobezuelen. Dem Tribunal no hätt d'EU-Kommissioun awer net kënne beweisen, datt Starbucks Virdeeler sollt kritt hunn.

D'lescht Woch gouf um Kierchbierg driwwer verhandelt, ob Apple an Irland 13 Milliarden Euro Steiere schëlleg ass.

Virun engem Joer hat d'EU-Kommissioun hier Enquête géint McDonalds zu Lëtzebuerg agestallt. Mee si fuerdert, datt Amazon 250 Milliounen Euro an den Energiegrupp Engie 120 Milliounen Euro Steieren hei zu Lëtzebuerg nobezuelen. Och géint déi Decisiounen ass d'Regierung a Recours gaangen. Bis ewell gëtt et keen Datum fir eng Auditioun.

Kritik u Steierrulingen

Lëtzebuerg stoung nom Luxleaks-Skandal ëm d'Steierrulingen international vill wéinst senger Steierpolitik an der Kritik. Och dowéinst hänkt vill vum Uerteel of, well d'Regierung ëmmer sot, nom Lëtzebuerger Gesetz wieren d'Rulinge vun der Steierverwaltung legal gewiescht.

Zanterhier ass de gesetzleche Kader, souwuel op internationalem, wéi op nationale Plang, ugepasst ginn, fir d'Steieroptimiséierung duerch grouss multinational Betriber anzedämmen.


Update: An enger éischter Versioun vum Artikel ass vu 25 Milliounen Euro Steiere rieds gaangen, déi FIAT dem Lëtzebuerger Staat zeréckbezuele muss. Lëtzebuerg huet 23,1 Milliounen Euro vu Fiat recuperéiert. Mir hunn den Artikel deementspriechend verbessert.