Radioen

On air

De Moien  |  Carly Simon - You're So Vain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fillen, experimentéieren, beobachten

100 Joer Waldorfschoul

Fillen, experimentéieren, beobachten

D'Waldorfschoul feiert dëst Joer weltwäit 100 Joer. Zu Lëtzebuerg huet d'Waldorfschoul 1983 mat enger Spillschoulsklass ugefaangen. Mee fir wat steet d'Schoul, wéi huet se sech entwéckelt a wou wëllt se an Zukunft histeieren? Doriwwer huet d'Françoise Keller mat zwee Responsabelen an enger Schülerin vun der Waldorfschoul geschwat.

auto_stories

5 min

D'Hannah Grevis ass vun der Spillschoul un an der Waldorfschoul a mécht dëst Joer hire Lycées-Ofschloss do. D'Schülerin wier am Fong ganz zefridde mam System vun der Waldorfschoul.

"Ech mengen, datt grad deen Aspekt vu sech selwer ausprobéiere kënnen an an der Primärschoul immens vill Fräiheet a Fräizäit hunn, wierklech wichteg ass. Well du kanns deng Kandheet total ausliewen. Dat ass natierlech eppes, wou ech ausserhalb matkritt hunn, datt Kanner éischter gesot hunn 'Schoul ass elo keng Plaz, wou ech gären higinn.' A fir mech war ëmmer d'Schoul eng Plaz, wou ech immens gär higaange sinn."

D'Hannah ass eng vun am Ganzen 388 Schülerinnen a Schüler, déi hei an d'Waldorfschoul ginn. Eng Schoul, déi fir een anert Bild vum Schüler géif stoen, esou de Michael Schulz. Hien ass President vun der Waldorfschoul Asbl an Enseignant fir Geschicht an Däitsch.

Michael Schulz

"Aner Qualitéiten entwéckelen a weisen"

Am Unterrecht géifen d'Schüler net eleng op kognitivem Plang gefërdert ginn. An der Waldorfschoul géif villes iwwer d'Sënner goen. An iwwer "Beweegung, Kierperlechkeet, fillen, experimentéieren, beobachten. Dat heescht d'Schüler hunn och d'Méiglechkeet ganz aner Qualitéiten ze entwéckelen a virun allem och ze weisen, wéi an enger ëffentlecher Schoul".

Op der Waldorfschoul ginn et keng Notten. A virun 2004 konnten d'Schüler keen Ofschloss op der Waldorfschoul hei am Land maachen. Dat wier eng Schwächt vun der Schoul gewiescht, esou nach de Michael Schulz. D'Schüler hu fir hiren Ofschloss nämlech missten zum Beispill an d'ëffentlech Schoul wiesselen. A wann d'Schüler op eng Kéier "deem vollen Drock ausgesat ginn" misste si "schonn e bësse méi Schwong huele mussen, wéi déi aner". Wann ee seng ganz Schoulzäit "ouni Drock mat Freed geléiert huet" an dann op eemol an eng Situatioun kéim, wou Konkurrenz an der Klass an Drock duerch d'Enseignante géif bestoen, misst ee fir d'éischt mol léiere "wéi dat geet". Tëschent 2002 an 2004 huet d'Waldorfschoul d'Zouloossungsprozedur fir den internationale Bac gemaach, seet d'Maria Eugenia Beirer. Si ass zoustänneg fir d'Kommunikatioun op der Waldorfschoul. 2006 kruten déi éischt Schüler vun der Waldorfschoul hiren Diplom vum Bac international. "An do war och honnert Prozent Erfolleg bei alle Schüler."

D'Waldorfschoul plënnert op de Kierchbierg

Et géife sech iwwerdeems méi Schüler fir d'Waldorfschoul mellen, wéi d'Schoul ophuele kéint. Genee Zuelen iwwer d'Ufroe géif et allerdéngs net ginn. D'Schoul soll an Zukunft dofir an een neit Gebai op de Kierchbierg an d'Géigend vum Rehazenter plënneren, esou nach d'Maria Eugenia Beirer. D'Gebai wier eng Co-Kreatioun mam Fonds d'urbanisation et d'aménagement du Kirchberg. Den Terrain hätt am Ganze ronn 40.000 m2. D'Waldorfschoul géif dovu ronn 10.000 m2 an Usproch huelen.

De Bau géif vum Staat co-finanzéiert ginn. D'Asbl vun der Waldorfschoul selwer géif 20 Prozent vun de Käschten iwwerhuelen. Stéchwuert finanziell Bedeelegung: D'Waldorfschoul ass net gratis. Och wann déi Responsabel sech dat wënschen. Fir d'Käschten trotz staatleche Subventiounen ze decken, mussen d'Elteren dëst Schouljoer pro Kand all Mount op d'mannst ronn 342 Euro bezuelen. De Betrag ass gestaffelt pro Kand, dat d'Elteren an d'Schoul aschreiwen. Elteren, déi hiert Kand an d'Waldorfschoul wëlle schécken an op eng staatlech Ënnerstëtzung ugewise sinn, géifen allerdéngs op eng Schwieregkeet stoussen, seet de Michael Schulz. De Leit géife just Zouschëss zoustoen, wa si hir Kanner an eng Schoul géifen aschreiwen, déi de staatlech unerkannte Programm ubitt. "Dat gëllt den Ament bei eis nëmme fir e puer Beräicher vun der Schoul. Mee mir kënnen eis Waldorfpädagogik net méi esou ëmsetzen, wéi mir et wëllen, wa mir eis ganz un d'Léierpläng vun der ëffentlecher Schoul upassen."

Hie géif sech wënschen, datt d'Ëffentlechkeet d'Waldorfschoul als gläichwäerteg Schoul géif wouerhuelen, esou nach de Michael Schulz. Hie géif mierken, datt dat zum Deel gemaach géif ginn, "well mir gesinn, datt aner Schoulen Iddie vun eiser Schoul opgräifen. Dat heescht, mir sinn net eleng mat eiser Kreativitéit zu Lëtzebuerg."

Grënner vu Pädagogik ass ëmstridden

De Grënner vun der Waldorfpädagogik, de Rudolf Steiner, ass allerdéngs ëmstridden. Him gëtt Rassismus virgehäit. Déi däitsch Waldorfschoulen hu sech 2007 an der sougenannter "Stuttgarter Erklärung" vu senge betraffenen Aussoen distanzéiert. D'Waldorfschoul Lëtzebuerg huet sech ni fërmlech dogéint ausgeschwat, hätt awer kee Problem domat, d'Erklärung matzedroen.

"Ech wéisst net firwat mir dat net maache sollten. Mee et gouf einfach ni eng Diskussioun, well mengen Erkenntnisser no d'Praxis vum Unterrecht sech scho laang vun deene schwéiere Saachen éloignéiert huet."

D'Schüler géifen dem Michael Schulz no zu Kritikfäegkeet erzu ginn. An zanter 2004 géif all Joer d'2ième op Berlin fuere fir d'Gedenkstätt vum Konzentratiounslager Sachsenhausen kucken ze goen. Et hätt een d'Virwërf géint de Rudolf Steiner matkritt, mengt sengersäits d'Hannah Grevis, mee si hätt sech net wierklech domat ausenanergesat.

"Well ech mengen am Fong och, datt eis Schoul zukunftsfäeg ass an hoffentlech och bleift. An datt den Usaz do ass 'mir sinn eng Gemeinschaft, mir wëllen och Leit dobaussen an der Welt, iwwerall, Respekt weisen'. A sech géigesäiteg respektéieren ass ëmmer ee wichtegt Thema gewiescht. An dofir mengen ech, datt grad 'Waldorf 100' ee gudden Ulass ass, fir ze soen 'Waldorf muss sech och deelweis der Zäit upassen a matgoen'. Et gëtt eng Base, déi kann ee behalen. Mee et ginn och Saachen, déi kann ee veränneren, fir datt et net dogmatesch ass."