Finanzminister Gramegna: "Lëtzebuerg erfëllt OECD-Kritären"

Lëtzebuerg wënscht sech vun der Belsch eng pragmatesch Approche am Steierdossier, sou de Finanzminister Pierre Gramegna am 100,7-Interview. Di belsch Autoritéite wëlle Lëtzebuerg Medieberichter no op eng Lëscht vu Steierparadäiser setzen. Enger geplangter Circulaire no sollen Entreprisen am Nopeschland verflicht ginn, Transferten op Lëtzebuerg vun iwwer 100.000 Euro bei der Steierverwaltung ze mellen. Fir de Pierre Gramegna eng administrativ Laascht fir di belsch Entreprisen, déi net gutt fir den Image vum Grand-Duché wier. D’Belsch applizéiert e Gesetz vun 2010, dat op deemoleg Transparenzkritäre vun der OECD baséiert. D’Lëtzebuerger Regierung ass der Meenung, datt dat Gesetz net mat EU-Reegele konform ass. Des weidere géif een d’OECD-Kritären an Tëschenzäit erfëllen, d’Organisatioun fir Wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung hätt dat bis elo nach net offiziell festgehalen. Sollt d’Circulaire erausgoen, “dann ass dat kee positiven Element fir d’Relatiounen tëschent deenen zwee Länner”, sou de Lëtzebuerger Finanzminister.

Den Interview vum Michel Delage mam Pierre Gramegna:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen