Finanzplaz-Iwwerwaachung: Och LSAP verwerft Kritik vun der EZB

Mam Schafe vun engem "Comité fir systemesch Risiken" op der lëtzebuerger Finanzplaz, dierf net déi aktuell Architektur vun der Iwwerwaachung vun der Finanzplaz op d’Kopp geheit ginn. Dat seet den LSAP-Députéierte Franz Fayot, deen domadder genee wéi den DP-Fraktiounschef Eugène Berger, d'Kritik vun der europäescher Zentralbank verwerft.

Frankfurt huet an engem rezenten Avis iwwert de “comité du risque systémique” gefuerdert, datt d’lëtzebuerger Zentralbank an deem Comité eng féierend Roll soll spillen an de Comité Drockmëttel zur Verfügung soll hunn fir ze handelen, wann emol eng systemesch Gefor op der Finanzplaz detektéiert gëtt.

Fir de Franz Fayot misst d’Haaptroll vum Comité awer just déi sinn, systemesch Risiken z’identifizéieren a Recommandatiounen ze maachen. De Choix vun der Regierung a wéi et schéngt vun der Majoritéit, wier awer net dorobber zeréckzeféieren, datt een d’Finanzplaz wéilt schounen, esou den LSAP Députéierten. Vill méi wier et aus historesche Grënn z’erklären.

De Bäitrag vum François Aulner:

 

De ganzen Interview mam Franz Fayot:

 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen