Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Finanz-Servicer an de Brexit-Deal integréieren?

Brexit

Finanz-Servicer an de Brexit-Deal integréieren?

Wat geschitt mat der City zu London, mat der gréisster Finanzplaz an der EU, nom Brexit? Dat ass eng Fro, déi net nëmmen d'Briten staark interesséiert - mee iwwert déi sech natierlech och zu Lëtzebuerg de Kapp zerbrach gëtt. Groussbritannien setzt sech dofir an, datt d'Finanz-Servicer Deel vun engem zukünftegen Handelsaccord sinn. D'EU ass bis elo net do dofir. Op Initiativ vu Frankräich a Lëtzebuerg ginn des Servicer elo am Text, deen déi grouss Linne vun de nächsten Etappe beschreift, ernimmt. Ass dat eng gutt Nouvelle fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz?

auto_stories

4 min

Bis elo waren d'Finanzservicer net extra ernimmt ginn am Brouillon vun de Leitlinnen, iwwert déi d'Staats- a Regierungscheffe muer ofstëmmen.

Elo gëtt et d'Annexe IV am Text. Dat wier wichteg, sot zu Paräis de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Hien hätt d'Lëtzebuerger Finanzplaz verdeedegt a wier frou, datt Frankräich sech alliéiert huet.

Interessant ass, datt sech grad Frankräich a Lëtzebuerg zesummegedoen hunn, wëll béid Länner hu net onbedéngt déi nämmlecht Interêten.

Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt d'Relatiounen mat der City enk bleiwen, wëll béid Finanzplazen enk verbonne sinn. Frankräich par konter wëll Banken op Paräis unzéien an de Briten op kee Fall ee privilegiéierten Zougang zu den EU-Marchéen zougestoen.

"Verbesserten Äquilavenz-Mechanismus"

Erauskoum ee Kompromëss: fir déi britesch Finanz-Servicer sollte sou genannte verbessert Äquivalenz-Mechanismen viséiert ginn, heescht et am Text.

Esou Mechanismen gi fir Drëtt-Länner gebraucht. De Briten wëll een eng erweidert Versioun offréieren, erkläert de Jean Asselborn, deen d'Lëtzebuerger Propose zu Bréissel presentéiert huet.

"Mir wëllen datt méi Domainen an d'Equivalencen erakommen", sou de Jean Asselborn. "De finanzielle Passeport ass awer exclu, dat hunn d'Brite verstanen".

De Verloscht vun deem finanzielle Pass ass iwwerdeems substantiell, wëll et sech hei em ee Recht handelt, seet den Nicolas Véron, Expert vum Bréisseler Bruegel Think Tank a vum Peterson Institute zu Massachusetts. D'Equivlance wier par conter ee Privileg, deen d'EU Groussbritannien zu all Moment nees kéint ewechhuelen.

Genee dat gëtt och an där Annexe IV betount. De Mechanismus gëtt unilateral vun der EU definéiert, heescht et do.

Gutt Nouvelle fir Groussbritannien

Trotzdem ass de Fait, datt en elo viséiert gëtt, eng gutt Nouvelle fir Groussbritannien, seet den Karel Lannoo, vum Center for European Policy Studies. Ëmmerhi wier elo festgehale ginn, datt de Mechanismus vun den Equivalence soll adaptéiert ginn.

D'Verhandlungen iwwert dee Mechanismus gi laang a komplizéiert, sou den Expert. D'EU-Länner wäerten dovu profitéieren, hir Interêten duerchzesetzen, an déi sinn duerchaus verschidden. Länner wéi Frankräich oder Spuenie wiere sécher net d'accord domat, fir de Briten spezifesch Faveur ze maachen.

Frankräich ass also net onbedéngt am selwechte Boot ewéi Lëtzebuerg.

"Flou total"

Den Text, dee Lëtzebuerg a Frankräich elo virleeën ass vläicht och dowéinst éischter vague. Wëll wat genee esou ee verbesserten Äquivalenz-Mechanismus soll sinn, dat weess den Ament keen, seet den Nicolas Véron. Et wier een haut am totale Flou, wat d'Konzept vun deem Mechanismus ugeet.

Wéi eng Interêten sech an de Verhandlunge mat de Briten duerchsetzen ass och nach net eraus. Och net wéi eng aner europäesch Finanzplazen dono vum Brexit profitéiere kéinten.

Delokaliséierungen a méi héich Käschten

Sécher ass, datt de Brexit zu gréisseren Delokaliséierungen um Finanzmarché wäert féieren, do si sech d'Experten eens.

Dat wier schonn elo de Fall, seet de Karel Lannoo. Virun allem hätt et vill Beweegung vu London op Dublin ginn. All déi Mouvementer kaschten, an dorënner géif dono de Client vun de Finanzservicer leiden.

An der Tëschenzäit wäerten déi verschidde Säite probéieren, déi eng oder aner Text-Passage als ee Succès ze verkafen, och wann een elo nach net weess, wéi sech déi Sätz dono an d'Realitéit iwwerdroen.