Radioen

On air

Notturno  |  Lost Girls - Ruins

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 24 Sozialwunnengen iwwer 4 Joer

Fir demandeurs de protection internationale

24 Sozialwunnengen iwwer 4 Joer

"Net méi spéit wéi virun e puer Wochen huet d'LSAP op eng Question parlementaire vun deene Lénke geäntwert, datt - op hir Ufro hin - all zweet Sozialwunneng u Flüchtlinge geet", sou d'Sylvie Mischel de leschten Donneschdeg als Invitée vum Dag hei op der Antenn. Si berifft sech op d'Äntwert, déi net d'LSAP, mee natierlech d'Regierung den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner a Marc Baum ginn hat.

auto_stories

3 min

Sylvie Mischel (Foto: Archiv)

Lauschtert de Bäitrag vum Maurice Molitorplay_arrow


Datéiert op de leschten 10. Dezember hu gläich véier Ministeren eng Rei Informatioune ginn an effektiv taucht an hirem Schreiwes och dëse Saz op:

"Les logements sont mis à disposition paritairement aux bénéficiaires d'une protection internationale et aux personnes éligibles à des aides au logement."

Dee Saz bezitt sech allerdéngs net op all d'Sozialwunnengen hei am Land, mee op eng speziell Mesure, déi 2015 - um Héichpunkt vun der Flüchtlingskris - geholl gouf: deemools huet d'Regierung d'Gemengen opgefuerdert, Wunnengen zur Verfügung ze stellen, eventuell och selwer lounen ze goen, fir unerkannte Flüchtlingen an och sozial manner gutt gestallte Residenten do ënnerzebréngen - ouni déi eng ze bevirdeelegen oder déi aner ze penaliséieren. Iwwer eng Konventioun hu Gemengen, déi dat gemaach hunn, Subsiden zougesot kritt. Mee de Succès vum Opruff war bescheiden, wéi d'Nathalie Schmit aus dem Inneministère erkläert:

"Bei dëser ganz spezifescher Mesure hunn (Stand haut) 14 Gemenge matgemaach, an et sinn insgesamt 24 Wunnengen doriwwer ugelount ginn."

Prezisiounen aus dem Logementsministère

Et géif bis elo keng eenheetlech Datelag zur Zuel vu Sozialwunnengen zu Lëtzebuerg ginn, et géif een awer un engem nationale Register schaffen an deem all subventionéiert Wunneng am Bestand vun de Promoteurs publics an Asble soll opgeféiert ginn, heescht et aus dem Logementsministère.

Allgemeng versteet een ënner dem Term Sozialwunneng ënnerschiddlech Wunnengen, déi ënner dem Maartpräis verlount ginn:

  • subventionéiert Wunnengen, wou de Staat tëschent 70 an 100 Prozent vun de Käschten iwwerhëlt, iwwer säi Programme Subvention d'ensembles. Dozou ziele prioritär Mietwunnengen, awer och Wunnengen, déi zu méi niddrege Präisser an der Vente ënner Emphytéose verkaf ginn.
  • Gestion locative sociale: Wunnengen, déi Proprietären un e Bailleur social ginn, wéi d'AIS oder d'Wunnengshëllef.
  • Parc locatif vun de Gemengen, déi beispillsweis iwwer d'Offices sociaux geréiert ginn an déi net ëmmer vum Staat subventionéiert goufen.

Wunnengen opgeschlësselt no Entitéit:

  • Fonds du Logement
    2.000 Mietwunnengen
  • SNHBM
    200 Mietwunnengen
  • Gemengen
    geschaten 1.800 Wunnengen
  • Gestion locative sociale
    ongeféier 800 Wunnengen

De Logementsministère preziséiert, datt Persounen, déi de Statut vum Beneficiaire de Protection internationale hunn, eligibel fir esou Wunnenge sinn. Hire Statut géif bei der Attributioun vun de Wunnengen awer keng extra Roll spillen, sou d'Mick Entringer vum Logementsministère. Alles an allem ginn deemno iwwer 4.000 Wunnengen ënner dem Maartpräis verlount, Studentewunnengen net mat agerechent.

Zuele vum Statec vun 2015 no gëtt de komplette Parc résidentiel op 227.326 Wunnenge geschat. Den Undeel vun erschwéngleche Mietwunnengen huet en Undeel vun 1,76 Prozent um totale Wunnengspark.

D'Behaaptung, hei am Land géif all zweet Sozialwunneng u Flüchtlinge goen, wéi d'Sylvie Mischel dat behaapt, hält dem Faktencheck also definitiv net Stand.