Radioen

On air

Notturno  |  Cloth - Never Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir en Enn vum sozialen Ofbau

KPL

Fir en Enn vum sozialen Ofbau

De KPL-President schléisst am Virfeld vun de Chamberwahlen en Zesummeschloss mat déi Lénk aus. Eng Zesummenaarbecht géif et awer punktuell a lokal scho ginn. Lénksallianze wiere wichteg, fir de sozialen Ofbau ze stoppen. Den Etienne Schneider wier dofir awer net dee Richtegen, erkläert de President vun der Kommunistescher Partei. Fir den Ali Ruckert ass de LSAP-Vizepremier ee Vetrieder vun där neoliberaler Politik, ënnert där Europa zënter 30 Joer géif leiden.

auto_stories

3 min

Ali Ruckert | © Chris Zeien
Ali Ruckert (KPL)

De Vize- a Wirtschaftsminister Etienne Schneider huet an engem Interview mam Wirtschaftsmagasinn Paperjam eng Allianz vun de Parteie lénks vun der CSV ugeduecht, fir d'CSV auszebremsen, am Fall wou déi Chrëschtlechsozial ze staark géife ginn.

Déi neoliberal Politik ausgrenzen

Déi Ausso wier e Gadget, seet den Ali Ruckert. Dem President vun der Kommunistescher Partei no géif et net drëms goe fir d'CSV auszebremsen, mä déi neoliberal Politik, déi zënter 20 Joer zu Lëtzebuerg gemaach géif ginn. Vun där Politik wier den Etienne Schneider selwer e Vertrieder. Seng Virschléi iwwert d'Erhéijung vum Mindestloun an Aarbechtszäitverkierzung wäre Mesuren, déi d'Sozialisten a 40 Joer Regierungsbedeelegung bis elo net ëmgesat hätten.

"Wann een eng Alternativ wëllt, da muss een déi authentesch lénk Kräfte stäerken an net déi, déi soe si wiere Sozialisten, an da maache si eng riets Politik."

Géint eng Fusioun mat déi Lénk

Den Ali Ruckert appelléiert fir eng gemeinsam Beweegung vu lénke Parteien, zesumme mat de Gewerkschaften, fir de Sozialofbau ze bremsen. Och d'LSAP kéint sech sou enger Beweegung uschléissen. En Zesummeschloss tëscht der KPL an déi Lénk am Virfeld vun de Chamberwahle schléisst de KPL-President awer aus - och wann et a ville Beräicher eng Iwwerteneestëmmung géif ginn. déi Lénk wéilten awer an der Verdeelungsfro d'Besëtzverhältnisser net a Fro stellen. Fir den Ali Ruckert ass dat d'Viraussetzung, fir datt béid Parteien kéinte fusionéieren.

Vu lénks no riets - vu riets no lénks

An der Vergaangenheet wier an Europa lénks gewielt ginn, wann et de Leit méi schlecht gaangen ass, haut géifen d'Rietspopuliste gewielt ginn. Déi sozial-demokratesch a biergerlech Parteien, déi a Regierunge sinn, géife Schold droen un där Entwécklung. Si hätten iwwert 20 Joer eng Politik vun Austeritéit a Sozialofbau gemaach, sou den Ali Ruckert. Vill Leit géifen net méi iwwert d'Ronne kommen. Si géifen dann dacks op déi einfach Léisunge vun de Rietse sprangen, amplaz op de lénke Bord.

Déi lescht 30 Joer hätten déi lénk Parteien u Kredibilitéit verluer. Et géif laang daueren, fir dat nees opzebauen. Do awer wou sech Lénkskräften engagéieren, staark sinn an aktiv géint riets Ideologië virginn, do géif et dem Ali Ruckert no Erfolleger ginn, wéi zum Beispill zu Déifferdeng: "Do wou déi kommunistesch Partei wënnt, do geet den ADR zréck", seet den Ali Ruckert.

20 Prozent Hausse vum Mindestloun

Den OGBL fuerdert eng Hausse vun zéng Prozent vum Mindestloun, d'KPL wëllT 20 Prozent. Den Ali Ruckert erënnert drun, datt d'Chambre des salariés an enger Etüd 2013 festgestallt huet, datt an de vergaangene 15-20 Joer eN Nohuelbedarf besteet bei der Entwécklung vum Mindestloun, dee bei 20 Prozent läit. Dem KPL-President no missten d'Betriber déi Erhéijung finanzéieren. Dernieft dierft de Mindestloun net méi besteiert ginn.

Wann d'Betriber ënnert enger Hausse vum Mindestloun géife leiden, da sollten si dat mat hire Konte beleeën. Den Nohuelbedarf wier esou grouss, well um Réck vun de Betraffene gespuert gi wier. "Si hunn net dat kritt, wat si hätte misste kréien", seet den Ali Ruckert. Verschidde Patronen hätten déi Suen an hir eegen Täsch gestach oder an d'Ausland transferéiert.

Op enger Linn mam Poopst

Iwwerraschend Titelsäit vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, déi der KPL nosteet, a wou den Ali Ruckert zënter 1995 Chefredakter ass: D'Foto vum Poopst, dee fir Ofrëschtung plaidéiert (16.1.2018). D'Zeitung an d'KPL wieren nach ëmmer fir Ofrëschtung agetratt.

"Wann de Poopst sech fir Ofrëschtung asetzt, dann ënnerstëtze mir déi Fuerderunge vum Poopst."