Radioen

On air

Resonanzen  |  Ludwig van Beethoven - Serenade fir Flütt a Piano a Ré Maj., Op. 41, V. Allegro scherzando e vivace - Emmanuel Pahud (Flütt), Eric Le Sage (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir eng breet Etüd iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg

Fräie Mikro

Fir eng breet Etüd iwwer Rassismus zu Lëtzebuerg

Dëst Joer gouf vill vun Diskriminéierung vu Leit mat afrikaneschen Originnen hei am Land an an der Welt geschwat. Huet dat just mat der Hautfaarf ze dinn?

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Zanter der Konferenz "Being black in Luxembourg" huet Lëtzebuerg festgestallt, datt et Mënsche gëtt, déi hei gebuer, respektiv hei an d'Schoul gaange sinn, a sech vun eiser Gesellschaft net akzeptéiert fillen. Si ginn ëmmer erëm wéinst hirer Hautfaarf diskriminéiert.

D'Chamber huet an enger Motioun eng Etüd gefrot iwwer d'Ursaachen an d'Forme vum Rassismus zu Lëtzebuerg. Et solle Mesuren dogéint ausgeschafft a virgeschloe ginn. Eng luewenswäert Initiativ, mee wou muss den Hiewel ugesat ginn?

Stereotyppen an der Schoul

Wärend enger rezenter Konferenz iwwer d'Zougehéiregkeetsgefill zur Lëtzebuerger Gesellschaft vu Portugisen aus der zweeter Generatioun gouf ëmmer erëm op Stereotyppen a Problemer higewisen, mat deene si, déi jo och hei gebuer an an d'Schoul gaange sinn, konfrontéiert sinn.

Nieft reegelméissegen, ofwäertende Commentairen an der Schoul, beriichten déi Betraffen, datt d'Léierpersonal systematesch hir Kompetenzen opgrond vun der gesellschaftlecher Positioun vun hiren Elteren aschätzt, hinnen net zoutraut, am Classique weiderzekommen, a si dofir op eng professionell Filière orientéiert.

Si fille sech zousätzlech devaloriséiert wéinst hirem südlänneschen Ausgesinn oder hirem Numm a leiden dorënner. Hir Identitéit ass eng Mëschung aus Portugal a Lëtzebuerg, staark gepräägt vun hiren Erliefnesser bei eis.

Aus dem Ganzen entsteet en Assimiliéierungsdrock, op dee se mat enger "Verlëtzebuergeschung" reagéieren, z. B. andeems si hiren Numm änneren. Wa si trotz allen Efforten nach ëmmer keng Unerkennung kréien, kann et zu enger Radikaliséierung kommen. Spéitstens da gëtt aus dem perséinleche Problem e gesellschaftlechen!

Rassismus gehéiert net an eng globaliséiert Welt

Beandrockend sinn déi sëllege Parallelle bei den Erliefnesser, Diskriminéierungen an Temoignagë vun den Afrikaner an de Portugisen aus der zweeter Generatioun.

Rassismus an Diskriminéierung baséieren nach ëmmer op der Hautfaarf an dem Ausgesinn, wéi op Normen, déi der Diversitéit vun eiser haiteger Gesellschaft nimools méi gerecht ginn. Et sinn diffus wéi realitéitsfriem Ängschte virun deem, wat mer net kennen - Virstellungen, déi éischter an eng Lëtzebuerger Baueregesellschaft vu virun honnert Joer passen, wéi an eis globaliséiert Welt vun haut.

Offenen a latente Rassismus ganz analyséieren

Et ass deemno wichteg, den offene wéi och de latente Rassismus ganzheetlech ze analyséieren, opgrond vu Liewensleef a Liewenssituatiounen, déi méi oder manner gepräägt si vun diskriminéierende Momenter.

Firwat hunn déi eng et besser hikritt wéi déi aner? Wéi eng Elementer hunn deem engen et erliichtert, a wéi eng hunn deem aneren et méi schwéier gemaach?

Rassismus an Diskriminéierung erlieft een net nëmmen an der Schoul, mee och op der Aarbechtsplaz, am ëffentlechen Transport, bei der Sich no enger Wunneng, oder am dagdeeglechen Ëmgang mat Mënschen, déi hir Virurteeler net an de Grëff kréien.

Egal, ob offen an haart gesot, oder mat ofschätzende Blécker a Geste gewisen: et ass ëmmer immens verletzend. Wei fänken déi Betraffen dat op, wéi verschaffe si et? Dës Froe si komplex an dacks gëtt et méi wéi eng Äntwert. Dofir brauche mer éischter e permanenten Observatoire wéi eng punktuell Etüd.

Efforten an der Schoul an effikass Gesetzer

Toleranz a Respekt, Versteesdemech fir déi verschidde mënschlech Situatiounen, Solidaritéit a virurteelsfräi Opgeschlossenheet sinn net inherent zum Mënsch a musse geléiert, gefërdert a gefuerdert ginn.

Dofir brauche mer dringend eng interkulturell Approche an eise Schoulen, déi sech als Fundament vum friddlechen Zesummeliewen zu Lëtzebuerg transversal a fachiwwergräifend wéi e roude Fuedem duerch de ganzen Enseignement zitt. Gläichzäiteg brauche mer awer och effikass Gesetzer, mat deene Rassismus an Diskriminéierung effektiv bekämpft a bestrooft kënne ginn.

An engem Land, esou faarweg wéi Lëtzebuerg, ass et wichteg, d'Gesellschaft op mënschlech Wäerter opzebauen, déi mer alleguer deelen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.