Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fir russesch Studenten zu Lëtzebuerg kéinten d'Swift-Sanktiounen e Problem ginn

Impakt vu Sanktiounen

Fir russesch Studenten zu Lëtzebuerg kéinten d'Swift-Sanktiounen e Problem ginn

Ronn 50 russesch Studente studéieren den Ament op der Uni Lëtzebuerg. En Deel vun hinnen huet eng zweet Staatsbiergerschaft aus engem EU-Staat. Souwäit si wéist hätt et den Ament keng Tëschefäll mat dëse Studente ginn, esou d'Catherine Léglu, Vize-Rektorin vun der Uni Lëtzebuerg op eis Nofro hin. D'Studentecommunautéit wier extreem international an éischter solidaresch ënnerteneen.

auto_stories

1 min

D'Uni insistéiert, datt ee Persounen ëmmer vun der politescher Situatioun an engem Land misst trennen. Studenten aus engem Land ze hunn, dat mat Sanktioune beluecht ass, wier net nei fir d'Uni.lu - dat wier beispillsweis scho bei Studenten aus dem Iran de Fall.

Déi russesch Studente kéinten awer duerch déi aktuell Sanktiounen a finanziell Schwieregkeete geroden. Zumools wa si den Accès op de Swift-Paiementssystem verléieren, riskéiere Studente séier an d'Laberenten ze kommen. Bis elo hätt awer nach kee Student eng Hëllef gefrot. "Mais si quelqu'un veut demander une aide, nous sommes bien sûr ouverts à tous nos étudiants pour les considérer dans le cadre de ce qui s'appelle le 'Hardship Fund' - et bien sûr les ukrainiens aussi."

Als Member vun der "European University Association", hätt d'Uni Lëtzebuerg sech un d'Decisioun vun dëser ugeschloss an d'Echangë mat zwielef russeschen Universitéite gestoppt, präziséiert nach d'Catherine Léglu, Vize-Rektorin vun der Uni Lëtzebuerg. Fir den Ablack op Äis geluecht wieren och Diskussiounen a Verhandlungen iwwert nei Zesummenaarbechten. Russland wier zwar Deel vum Portfolio vun Echangen, Accorden a Kollaboratioune vun der Uni Lëtzebuerg, mee awer just e ganz klengen.