Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat deet d'SPD sech esou schwéier mat der GroKo?

Däitschland

Firwat deet d'SPD sech esou schwéier mat der GroKo?

D'Parteispëtzte vun CDU, CSU an SPD si sech iwwert e Koalitiounsaccord eens ginn. Déi parteiintern Diskussioun bei der SPD ass domat nach net eriwwer. Firwat doen d'Sozialdemokrate sech esou schwéier mat enger neier Grousser Koalitioun? A wat bréngt dës kontrovers Diskussioun der Partei?

auto_stories

3 min

D'Katarina Barley seet, si géif zu 100 Prozent hannert dem neie Koalitiouns-Accord stoen. D'SPD-Politikerin aus dem Wahlkrees Tréier huet den Accord selwer mat ausgehandelt. "Do sinn natierlech Kompromësser dobäi, mä mam Projet insgesamt kann ech mech zu 100 Prozent identifizéieren," esou déi 49 Joer al Politikerin.

Als aktuell Familljeministesch weist si drop hin, datt den Accord eng Hausse vum Kannergeld virgesäit, an datt d'Indemnitéite fir Léierbouwen a -Meedercher klamme sollen. Trotzdeem ass d'Katarina Barley sech net sécher, datt dat duer geet fir d'Partei-Memberen an hirem Wahlkrees zu Tréier vun enger neier Grousser Koalitioun z'iwwerzeegen: "Déi Allermeescht hu bis elo mat Spannung drop gewaart, wat dann elo bei dëse Verhandlungen erauskennt. Dofir kann ech nach net viraussoen, wéi d'Stëmmung ass, wann ech zeréck a mäi Wahlkrees kommen."

Widderstand géint GroKo bleift grouss

Alleguerten déi 460.000 Membere vun der SPD kënnen an den nächste Woche per Post iwwer den neie Koalitiounsvertrag ofstëmmen. Ufanks Mäerz soll ausgezielt ginn, an nëmme wann eng Majoritéit den ausgehandelten Accord guttheescht, geet d'SPD effektiv op en Neits an eng Regierung mat CDU an CSU.

Mä de Widderstand ass grouss. D'Jongsozialiste gehéieren zu deenen an der Partei, déi sech zënter Wochen däitlech géint eng Grouss Koalitioun ausschwätzen. Och de Koalitiouns-Accord géif näischt dorun änneren, seet d'Juso-Vize-Cheffin Jessica Rosenthal. Am Vertrag géing inhaltlech nämlech näischt grondsätzlech Neies stoen.

Angscht viru komplettem Profilverloscht

Och eng Grupp vu méi ale Parteimemberen, déi sech an der Initiativ NoGroKo zesummegedoen hunn, bleift bei hirem Neen. Hire Spriecher Daniel Reitzig nennt zwee Haaptgrënn dofir. Éischtens wier déi rietsnational AfD déi gréisst Oppositiounspartei am Bundestag, wann d'SPD op en Neits an d'Regierung geet. Zweetens hätt d'SPD an de leschte Grousse Koalitiounen ënnert der Kanzlerin Angela Merkel ëmmer u Profil verluer.

Den NoGroKo-Spriecher gesäit doduerch d'Gefor, datt d'SPD hir politesch Bedeitung laangfristeg ganz kéint verléieren. "Mir mengen net, datt et fir Däitschland gutt wier, wann et iergendwann keng Sozialdemokratie méi géif ginn," esou den Daniel Reitzig.

SPD brauch Erneierung

Fir dat ze verhënneren, fuerderen d'GroKo-Géigner eng grondleeënd Erneierung vun hirer Partei. Sou misst neit Personal opgebaut ginn, an d'Partei misst sech nees méi kloer lénks positionéieren. Den Daniel Reitzig betount, seng Initiativ wéilt sech fir Ziler asetzen - och wann et op en Neits zu enger grousser Koalitioun géif kommen. Géigner vun der Grousser Koalitioun si sech awer eens, datt dat net dozou wäert feieren, datt d'SPD sech opspléckt. Sträit géif an enger demokratescher Partei dozou gehéieren, esou d'Jessica Rosenthal vun de Jong-Sozialisten.

Parteispléckung onwahrscheinlech

Och de Politolog Gero Neugebauer hält et fir onwahrscheinlech, datt déi kontrovers Diskussioune ronderëm d'Grouss Koalitioun dozou feieren, datt d'SPD sech spléckt. Kee Parteifligel wier staark genuch, fir sech vum Rescht vun der Partei lasszeléisen. "Am Moment ass virun allem d'Mëtt vun der Gesellschaft an der SPD vertrueden, also d'Mëttelschicht an deelweis och déi iewescht Mëttelschicht," esou de Gero Neugebauer. Dës Leit hätte kee Bezuch méi zu de Besoine vun den ënneschte Gesellschaftsschichten. De Politolog ka sech dofir éischter virstellen, datt d'SPD Stëmmen u Parteie wei Die Linke oder Bündnis 90/Die Grünen verléiert.

Wann d'SPD dat wéilt evitéieren, da misst si nei politesch Äntwerten op d'Problemer vun eiser Zäit fannen, esou de Politolog. Fir dat ëmzesetzen, bräicht d'Partei awer och eng nei Féierung. Den Daniel Reitzig vun NoGroKo mengt, dee Problem kéint sech fréier oder spéider vum selwe léisen: "Entweder d'Parteispëtzt léisst sech op d'Erneierung an, oder awer d'Zäit spillt fir eis ..."