Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Firwat ëmmer nëmmen Esch?"

CSV Esch-Uelzecht

"Firwat ëmmer nëmmen Esch?"

auto_stories

1 min

Georges Mischo

Wichteg kommunal Projeten zu Esch ginn net virun, seet de Georges Mischo. Hien ass President vun der CSV-Lokalsektioun Esch. Sief et d'Renovatioun vun der Brillstrooss, den Ausbau vu Wunnengen oder de Projet Lankelz wou eng nei Sportshal geplangt ass.

D'Stad Esch huet 64 Millioune Scholden. Doduerch kéinte Projeten net esou séier wéi gewënscht realiséiert ginn. "Et si just nach Plooschtere gemaach ginn." Dem CSV-Lokalpolitiker no missten dowéinst Prioritéite gesat ginn. Zum Beispill beim Bau vu Schoulen.

Esch hätt nach ëmmer seng sozial Responsabilitéiten iwwerholl, seet de Georges Mischo. "Ech froe mech just ëmmer: Firwat ëmmer nëmmen Esch." Och aner Gemenge missten hir Verantwortung iwwerhuelen. Ugangs war geplangt, datt Esch 300 nei Flüchtlinge soll ophuelen. Déi Zuel ass op 150 erofgesaat ginn. Dat wären der awer nach vill op ee Coup, sou den CSV-Politiker. Et hätt een och méi kleng Gruppe kéinte maachen.

Bei der CSV-Esch steet keng Fra un der Spëtzt fir d'Gemengewale steet. Genee wéi och an der Stad Lëtzebuerg. De Georges Mischo féiert dat drop zréck, datt Frae méi Problemer wéi Männer mat Famill a Beruff hätten. De Georges Mischo wäert viraussiichtlech als CSV-Spëtzekandidat zu Esch an d'Gemengewale goen.