Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat et wichteg ass, iwwert d'Gauland-Ausso ze schwätzen

Däitschland

Firwat et wichteg ass, iwwert d'Gauland-Ausso ze schwätzen

Den AfD-Chef Alexander Gauland sot, Hitler a Nationalsozialismus wiere just e "Vogelschiss in der deutschen Geschichte" gewiescht. Doropshin ass an Däitschland d'Diskussioun nees ugaangen, ob d'Berichterstattung iwwert esou Aussoe Sënn mécht oder net. Mee sou Sätz däerfen d'Medien net onkommentéiert stoe loossen.

auto_stories

2 min

Matthias Kirsch

Et wier onverantwortlech vun de Medien, d'Ausso vum Alexander Gauland net opzegräifen, net doriwwer ze beriichten an net ze kommentéieren. Trotzdeem ass an den Deeg no der verbaler Entgleisung vum AfD-Chef nees an der Diskussioun, ob d'Medien der rietsextremer Partei domat net an d'Kaarte spillen.

E Schrack zeréck: De Saz vum Alexander Gauland, deen dëse Weekend an Däitschland fir vill Kaméidi a berechtegt Kritik aus allen anere Parteilagere gesuergt huet, gouf op engem Kongress vun der AfD-Jugendorganisatioun gesot.

Dat Evenement hätt mat grousser Wahrscheinlechkeet keng national Opmierksamkeet krut. Duerch d'Ausso vum Gauland geschitt natierlech de Contraire. De Saz gëtt duerch Push-Notificatiounen, duerch O-Téin a Radiosemissiounen, iwwer Twitter vun de Medien verbreet. An d'Kritik, datt d'Medien sech instrumentaliséiere loossen, huet op den éischte Bléck eng fundéiert Basis.

Taktik oder System?

Et ass kee Geheimnis, datt d'AfD dës Taktik an der Vergaangenheet benotzt huet. Ass d'Partei eng Zäit laang net opgefall, léisst ee vun de Membere vun der Parteispëtzt e Saz kommen, deen di medial Ëffentlechkeet schockéiert a Reklamm mécht.

Mee eng Ausso wéi déi vum Gauland - Hitler a Nationalsozialismus wiere just e "Vogelschiss" an der däitscher Geschicht - ass méi wéi just e Ruff no Opmierksamkeet. Et ass en Abléck an de Kapp vun enger Parteispëtzt, déi gemierkt huet datt souguer de gréisste Shitstorm iergendwann laanscht geet an just eppes bléift? Eng Rei néi Wieler um rietse Spektrum.

Den Alexander Gauland, de Björn Höcke, d'AfD-Parteispëtzt vertrieden dës Gedanken, si soen dës Sätz net aus taktesche Grënn. Si fanne wierklech, datt den Nationalsozialismus just eng Klammer an der däitscher Geschicht ass.

De Jean-Marie Le Pen, Grënner vum franséische Front National, war ëmmer där selwechter Meenung. Hien huet d'Gaskummere vun de Nationalsozialisten verharmloost, ëmmer nees, a gouf finalement dofir aus senger Partei geheit.

Medie musse kritesch Stëmm sinn

Mee dat ass de konkreten Ënnerscheed tëscht Gauland a Le Pen. An der AfD gëtt et keng eng kritesch Stëmme méi. Jiddereen, deen an den Ufanksdeeg vun der Partei géint esou Tendenzen gekämpft huet, ass mëttlerweil net méi Member. Déi riets Gedanken, déi an de leschte Joren ëmmer méi Platz am Parteiprogramm ageholl hunn an de Succès vun der AfD matgedroen hunn, ginn net méi kontestéiert.

An dowéinst mussen d'Medien esou Aussoe wéi déi vum Alexander Gauland opgräifen, mussen iwwer si beriichten, musse si kommentéieren. Et ass d'Aufgab vun der Press, esou e Saz fir säi Public anzeuerdnen an ze soen: Dat do geet net.