Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Firwat Mënschen ouni Pabeieren aus der Impfstrategie ausschléissen?

Fräie Mikro

Firwat Mënschen ouni Pabeieren aus der Impfstrategie ausschléissen?

D'Covid-19-Pandemie huet eist Liewen déif beaflosst, onofhängeg vun eiser sozialer Positioun, eiser Nationalitéit oder eisem Wunnsëtz. Etlech Moossname goufe getraff fir d'Mënsche virum Virus ze schützen. Eng generaliséiert Impfung vun allen Erwuessenen ass am gaangen. Mee Leit ouni Pabeieren, déi hei wunnen, si bis elo dovun ausgeschloss. E Fräie Mikro vum Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Wéinst Covid-19 hu Mënschen ouni legalen Openthalt zu Lëtzebuerg vun haut op muer hiert Akommes verluer. Vill vun hinnen hu virun der Pandemie am Secteur vun der Restauratioun geschafft. Sie hunn eng Wunneng, hir Kanner ginn an eis Schoul, si liewen deelweis schonn zanter Joren hei bei eis. Si kréie keng Openthaltserlabnis, well se net alle restriktive Bedingunge vun eisem Immigratiounsgesetz gerecht ginn. A well se keng Openthaltserlabnis kréie, kënnen se net legal zu Lëtzebuerg schaffen.

D'Aschränkung vun der Beweegungsfräiheet an d'Zoumaache vun de Grenze wärend der Pandemie huet verhënnert, datt si zeréck an hiert Hierkonftsland konnte goen. A well se jo net offiziell existéieren, hu se weder eng Hëllef vum Staat krut, nach konnte se vun den Anti-Covid-Mesurë profitéieren.

Zuelen, déi nodenklech maachen

Zanter dem Ufank vun der Pandemie huet d'Zivilgesellschaft dëse Mënsche mat Iessbonge weidergehollef an hinne mat der Ënnerstëtzung vum Gesondheetsministère Zougang zu Gratistester verschaaft - eng wichteg Sensibiliséierung am Kampf géint Covid-19.

Méi ewéi 500 Mënschen hu vun dësen Hëllefe profitéiert - dorënner eng 180 Kanner. Zuelen, déi een nodenklech maachen. Dës onsiichtbar Aarbechter sinn eng Realitéit an eisem Land, där d'Politik sech net entzéie kann.

Mëttlerweil huet zu Lëtzebuerg all Erwuessenen iwwer 18 Joer d'Méiglechkeet, sech impfen ze loossen. Souguer Leit ouni feste Wunnsëtz kënne sech an der Wanteraktioun impfe loossen. Mënschen ouni Openthaltsgeneemegung awer bleiwe weider ausgeschloss, obwuel der schonn iwwer 100 vun hinne bei den Organisatiounen, déi am permanente Kontakt mat hinne stinn, no enger Impfung gefrot hunn.

Och d'Commission Consultative des Droits de l'Homme huet sech zu dësem Theema zu Wuert gemellt a schreift: "le droit d'avoir accès aux vaccinations est un droit humain qui relève notamment du droit à la santé. La CCDH rappelle que le gouvernement a l'obligation de veiller à ce que tout un chacun ait un accès équitable aux vaccins : en effet, la stratégie de vaccination doit cibler et englober toutes les personnes."

D'Regierung ass an der Verantwortung

Am Sënn vun der ëffentlecher Gesondheet a vum allgemenge Recht op perséinleche Schutz ass d'Inclusioun vun dëse Mënschen an d'Impfstrategie eng zwéngend Noutwendegkeet. Et geet net drëms, hinnen eng Prioritéit zouzegestoen, mee grad ewéi all aner Bierger sollen och si d'Méiglechkeet kréien, Deel vun der Léisung ze sinn. D'selwecht ewéi mer alleguer, maachen och si sech Gedanken ëm hir eege Gesondheet, ëm déi vun hirer Famill an ëm déi vun alle Leit, mat deenen si all Dag ze dinn hunn.

D'Regierung ka sech hirer Verantwortung dëser Populatioun vis à vis net méi entzéien.

D'Hëllefsaktioune vun der Zivilgesellschaft an dëser schwiereger Zäit hunn d'Mënschen ouni Pabeieren erëm an d'kollektiivt Bewosstsäin bruecht an se méi siichtbar gemaach. Mir kënnen an dierfen eis Aen elo net méi einfach zoumaachen a mussen zesumme mat der Regierung un enger nohalteger Léisung fir dëse mënschleche Problem schaffen. D'Zäit fir eng Régulariséierung vun hirer Openthaltsituatioun ass komm.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.